Dës Kéier geet et ëm Geessen an den 1. FC Köln. Donieft gëtt et och en Orthografie-Tipp.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon
S: Haut gi mer nees an d’Déierewelt?
C: Genee, haut schwätze mer iwwer Geessen an iwwer e beléiften Orthografiefeeler. Ech wäert iech haut erklären, firwat „du gees” (fir you go) just een S kritt an e Verb ass, an „du Geess” (fir du domm Kou) zwee S kritt an op en Déier referéiert.
S: A firwat kritt dat eent zwee S an dat anert just een?
C: Dat hänkt dovun of, wéi dat Wuert zesummegesat ass resp. wou et hierkënnt! Bei der Lëtzebuerger Orthografie muss ech ganz oft am Däitsche kucken, wéi et geschiwwen ass. An do hu mer die Geiß.
Geiß ass dobäi en anert Wuert fir Ziege. A wann ee seet: Mee am Däitsche soen ech ëmmer Ziege! … da kann ee kucken, et kennt ee bestëmmt nach d'Gedicht Der Wolf und die sieben Geißlein. Oder d'Maskottche vum éischten FC Köln, dat ass och den Hennes, e Geißbock. An do geet e schéine Bonjour eraus un mäi Papp, dee e grousse Fan ass.
S: Dat ass awer léif!
C: Bei Wierder wéi Geißbock erkenn erkennt een nach, dass et Geiß och nach am Däitsche gëtt. Et gëtt en och nach am Dialekt. Op ville Plazen ass en awer grad am duerch d'Form Ziege verdrängt ginn.
S: A wouhier kënnt d’Wuert ‘Geiß’?
C: D'Wuert Geiß geet zréck op Mëttelhéichtdäitsch geiz. An dat steet och a Verbindung mat englesche goat.
S: A sou?
C: Ma well mer verschidde Lautwiessel hunn an deenen anere Sproochen, hu mer am Englesche goat. An elo seet ee: jo, mee, “goat” a “geis”, dat ass jo awer ganz wäit ewech! Mee ass et am Fong net, well mir hu systematesch Lautwiessel an de Sproochen. Et ass ganz oft, wa mer am Engleschen en T hunn, hu mer am Däitschen e schaarfen S oder en Z. Dat hu mer och zum Beispill bei ten an zéng (10). Oder “What?” am Engleschen a “Was?” am Däitschen – mee am Lëtzebuergesche “Wat?”.
Goat ass nach e bësse méi no um Hollänneschen “geit”.
An och am Schwedeschen hu mer “get” (geschwat: yet), an do mierkt een, dass se einfach alleguer zesummenhänken. Elo ass awer d'Fro: Firwat schreiwe mer d'Geess am Lëtzebuergeschen mat zwee S? Et gëtt eng Reegel, déi seet: Wa mer am Däitschen e scharfen S hunn, gëtt et am Lëtzebuergeschen Duebel S. Heizou gehéieren dann och Wierder wéi Strooss oder Moossnam, wou mer aus dem Däitschen ß en Duebel S maachen. Et gët keen ß am Lëtzebuergeschen – a kengem Wuert. A wa mer dann nach e laange Vokal virum duebel S hunn, da gëtt de Vokal och nach verduebelt.
S: Eng Geess schreiwe mer also G-E-E-S-S.
C: An elo nach eng kleng Info iwwer den S um Enn vum Wuert, well dat ass och wichteg: Den S um Enn vum Wuert gëtt ëmmer schaarf geschwat, egal ob en een- oder zweemol geschriwwen ass. Dat heescht, hunn ech e Pluriel wéi “Tasen”, wou den S an der Mëtt vum Wuert ass an e Vokal hannendrunner kënnt an e gëtt mëll geschwat wéi “s”, da muss ech e just eemol schreiwen. A wann ech eppes hätt wéi “haassen”, dann hunn ech e schaarfen S (also e stëmmlosen) an der Mëtt vum Wuert an dee muss ech verduebelen (ss).
S: An um Enn vum Wuert?
C: Um Enn vum Wuert ass en ëmmer stëmmlos geschwat (s). Dat heescht, ech héieren net, ob ech en einfach oder duebel muss schreiwen. An dann hu mer de Punkt, dass mer da musse kucken: Wéi ass d'Systematik vum Wuert? Kënnt den S vläicht vun engem däitschen ß oder ass et just eng Endung? A beim Déier Geess hate mer jo gesot, kënnt et vum Däitschen Die Geiß, dofir en ß als Virbild, am Lëtzebuergeschen zwee S. Awer beim Verb “goen, ech ginn, du gees, hie geet”, do schreiwen ech just G-E-E-S,
S: Also just een S um Enn.
C: jo, well ech hu bei “goen” just de G an e Stammvokal, a soss näischt. An den einfach S ass just eng Endung. Dat gesinn ech och bei anere Verben, wéi bei “laachen, du laachs, Kommen, du kënns” – do hunn ech jo och net d'Tendenz, fir zwee S ze maachen, well bei “du” setzen ech einfach en “s” als Endung.
S: Du hues (mat engem S) eis haut nees vill sproochlech Fun facts erzielt an da soe mir der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!