Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Dinosaurier

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow

Mir gi gewuer, wéi d'Dinosaurier zu hirem Numm koumen.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon. Ech starten direkt mat enger Fro.

S: Da lee mol lass.

C: Bass de Fan vun Dinosaurier?

S: ____

C: Ech war perséinlech e grousse Fan vun Dinosaurier (wou ech kleng war, koum Jurassic Park eraus) an do ass mir dann och opgefall, dass déi Nimm hunn, déi ëmmer ganz speziell kléngen. Fält der do spontan een Dinonumm an?

S: ____

C: Se heesch dann Brontosaurus oder Tyrannosaurus rex, dat sinn oft Bezeechnungen, déi mat laténgeschen a mat griichesche Wuerzelen zesummenhänken.

An do war ech op der Säit vum American Museum of Natural History an do ass e ganz interessante Bäitrag gewiescht iwwer d'zoologesch Nomenclatur, also den Oflaf, wéi Déiere benannt ginn, an hei méi spezifesch Dinosaurier. An hei gëtt et natierlech sou en Code, an dee wëll, dass déi Dinosauriernimm eng bestëmmten Struktur hunn. Also huet ee ganz oft eppes, wat aus dem Griichesche kënnt oder eppes, wat aus dem Laténgesche kënnt an do huet een dann och Ofkierzungen. Also den Tyrannosaurus Rex ass dann einfach T-Rex zum Beispill an ass jo och ee vun de méi Bekannten.

S: A wat bedeit ‘Saurus’ eigentlech?

C: “Saurus” bedeit eigentlech just “Eidechs”, also “Lizard”. An den Dinosaurier bedeit esou vill wéi “schrecklech Eidechs”, well Deinos ass griichesch an dat bedeit “schrecklech”, also “terrible”. An dat fannen ech super interessant, well Dinosaurier, et gëtt jo och esou Plüschdinosaurier, mee am Fong sinn dat schrecklech Eidechsen.

S: Witzeg.

C: An dann hues de och nach aner Deeler vun hiren Nimm, also wann zum Beispill Allo, Allosaurus derbäi ass, Allo heescht einfach just “komesch”. Oder du hues “Brontosaurus” a Bronto heescht einfach just “Blëtz”. A kenns de nach den Triceratops?

S: ____

C: Ma Cerat heescht einfach en Horn. An Tri heescht dräi. An den Triceratops, dat ass deen, deen eeben op der Nues dräi Hörner huet. Mee esou gesinn hu mer dat haut och nach. En Einhorn ass och en Déier. Dat ass natierlech ee Fabelwiessen, keen normalt Déier, awer en Einhorn huet een Horn uewendrop. An en Nashorn huet och en Horn op der Nues. Dat heescht, mir hunn esou Benennungsmotiver, déi einfach d'Déieren iergendwéi charakteriséieren. A bei den Dinosaurier ass d'Charakteriséierung oft vun deem, wéi se sech beholl hunn, respektiv wéi ee mengt, dass se sech beholl hunn oder wéi se ausgesinn hunn.

S: Dofir kléngen déi Nimm heiansdo komesch.

C: Genee. Déi mussen awer net ëmmer alleguer op “Saurus” heeschen oder Saurier, mee mir hunn och zum Beispill den Deinodon. An den Deinodon heescht op Griichesch just esou vill wéi “schrecklechen Zant”. Dat heescht, do hu se dann e Gebëss fonnt, hu fonnt, dass dat schrecklech Zänn waren an esou huet sech dat da benenne gelooss.

An och interessant, wann Dinosaurier a China fonnt ginn, da si se ganz oft op -long. Well Long heescht einfach “Draach”. An den Dilong, dee kennt ee warscheinlech net, den Dilong, dat ass den Emperor Dragon, also den kaiserlechen Draach, an deen ass e Virfach vum Tyrannosaurus Rex. Do muss een awer och soen, dass Tyrannosaurus Rex vill méi flott kléngt wéi Dilong.

S: Dat fannen ech och.

C: An den Tyrannosaurus ass natierlech och déi schrecklech Eidechs, déi dann nach Kinnek ass. Well Rex ass jo de Kinnek.

S: Mir soen der dann elo merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Giischtjen

Dës Kéier geet et ëm de Giischtjen an de Prisong a mir kucken, wou dës Wierder hierkommen a wéi se geschriwwe ginn.
headphones

5 min

play_arrow

Bestueden

Dës Kéier geet et ëm d’Bestueden a wat dat Ganzt mam däitsche "bestatten" ze dinn huet. Donieft schwätze mir och vum Pacsen.
headphones

5 min

play_arrow

Dinosaurier

Mir gi gewuer, wéi d'Dinosaurier zu hirem Numm koumen.
headphones

7 min

play_arrow

Reidersallef

Dës Kéier geet et ëm e wonnen Hënner, Wierder am Alen Dictionnaire a Konsonanten, déi net gär nieftenee stinn.
headphones

5 min

play_arrow

Schären

Et geet ëm Päerd, déi schären, a Leit, déi geschäert kommen. Donieft gesi mir och, wat d’Wuert Ohrfeige mat kieren ze dinn huet.
headphones

5 min

play_arrow

A

Dës Kéier geet et ëm Aen an d’Variatioun een A oder een An. Donieft schwätze mir och iwwer "den" Éislek.
headphones

6 min

play_arrow

Geess

Dës Kéier geet et ëm Geessen an den 1. FC Köln. Donieft gëtt et och en Orthografie-Tipp.
headphones

6 min

play_arrow

Neelchen

Dës Kéier geet et ëm kal Fangeren, den Neelchen a Wierder, déi eis an anere Sproochen heiansdo feelen.
headphones

5 min

play_arrow

Verhütung

Dës Kéier geet et ëm den Ursprong vum Wuert Verhütung a seng Synonymmer. Donieft schwätze mir och iwwer den Hutt vun der Melania Trump.
headphones

6 min

play_arrow

Astig

Et geet haut ëm de Begrëff Astig (an aner Wierdermat -stig) a wéi dës Formen am Lëtzebuergesche landen.
headphones

5 min

play_arrow

Dännenzap

Et geet ëm Dännenzapen a firwat déi meeschtens näischt mat enger Dänn ze dinn hunn.
headphones

4 min

play_arrow

Grumm

Dës Kéier geet et bis an d’Hee! Et geet ëm Hee, Grumm an d’Konscht, d’Meteoaschätzen ze kënnen.
headphones

5 min

play_arrow

G-Punkt

Mir schwätzen iwwer de "G" am G-Punkt an entdecke Begrëffer bei der weiblecher Anatomie.
headphones

5 min

play_arrow

La ola

Dës Kéier geet et ëm La-ola-Wellen an onbewosst Verdueblungen.
headphones

6 min

play_arrow

Bordeaux

Dës Kéier geet et drëms, wéi d’Faarf bordeaux hiren Numm krut, a wat dat mat Ochseblutt ze dinn huet.
headphones

4 min

play_arrow

Veterinär

Et geet dës Kéier ëm al Déieren an den Ursprong vum Wuert Veterinär.
headphones

4 min

play_arrow

Rüg

Et geet ëm e Wuert, dat aus dem Däitsche kënnt, mee ganz à la française eriwwerkënnt. Donieft geet et och ëm Konsonanten.
headphones

4 min

play_arrow

Nonfoutisme

Et geet ëm Leit, déi näischt foutéieren a franséisch Wierder, déi eigentlech just nogebaut sinn.
headphones

5 min

play_arrow

Kompost

Dës Kéier geet et ëm Linguistik, Uebst a Kompost.
headphones

4 min

play_arrow

Aasch

Et geet ëm deen Allerwäertesten.
headphones

4 min

play_arrow
live

Live