Et geet haut ëm de Begrëff Astig (an aner Wierdermat -stig) a wéi dës Formen am Lëtzebuergesche landen.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat hu mer haut fir e Wuert?
C: Iwwer dat heite Wuert hunn ech wierklech misse laachen, well wann een dat geschriwwe gesäit, dann ass et wäit ewech vun deem, wéi et kléngt. Mir hate jo scho viru puer Wochen iwwert d'Rüg geschwat, eng Rüg, déi mer R-Ü-G schreiwen, an dat heite Wuert ass ganz änlech an zwar schwätze mer haut iwwert den ‘Astig’. An dat hunn ech elo wéini an engem Text gelies, wou et ëm eng Introduktioun gaang ass, en Astig an en Theema.
Et liest sech awer bal wéi Däitsch ‘astig’, also mat vill Äscht.
S: Et gesäit wierklech e bësse komesch aus.
C: Awer dat ass iergendwéi eppes, wat am Lëtzebuergesche ganz typesch ass. Mir hunn zwar fir ‘in den Bus einsteigen’, do soe mer ‘an de Bus eraklammen’, awer mir hunn net eng ‘Raklamm’ fir en Theema. Dat heescht, mir hunn am Däitschen eng Wuertbildung, déi ass. Einsteigen > Einstieg.
Do gesäis de, wéi Verb a Substantiv beieneeginn. An am Lëtzebuergeschen hu mer e Verb, awer d'Substantiv léine mer aus dem Däitschen a wennen eis Reegelen dodrop un.
S: A wéi eng Reegele sinn dat?
C: Mer musse jo bestëmmt Reegelen uwennen, well mir soe jo net en Einstig, mee mir soen Astig. Dat nennt sech Léiniwwersetzung respektiv eng Upassung vun deenen eenzelne Wuertdeeler. Dat heescht bei ‘einsteigen’ hätte mer ‘ein’ vun ‘hinein’, also ‘man steigt in etwas hinein’. An dat ass am Lëtzebuergeschen ‘an’.
S: Awer ouni ‘n’?
C: Genee ‘a’ wéinst der n-Reegel. An de Stig, deen hu mer aus dem däitschen ‘Steig’. An dat fanne mer och esou eppes wéi den Ofstig an enger Futtballliga oder den Ausstig aus der Atomenergie.
S: A jo, vun oftsteigen. Oder eben opsteigen an der Liga.
C: Genee. An esou een Integratiounsprozess ass eppes, wat am Lëtzebuergesche relativ heefeg geschitt. Also et muss een elo keen Angscht kréien, dass mer vun däitsche Wierder iwwerrullt ginn, well all Mënsch géif zum Beispill eng Heizung Heizung nennen, obwuel d'Verb dozou hëtzen ass. Dat heescht, am Däitschen hu mer Heizen an Heizung, déi hunn déi selwecht Basis, et ass ee lineare Wuertbildungsprozess, dee ganz offensichtlech ass. Awer hëtzen an Heizung am Lëtzebuergeschen geet anescht, well mir hunn e Verb an dann hu mer e Substantiv, wat mer aus dem Däitschen souguer ouni Integratioun. Mer soe jo net eng Hëtzung.
S: Nee, effektiv.
C: Heiansdo kommen ech op déi Saachen, well ech och lëtzebuergesch Morphologie ënnerriichten, dat heescht lëtzebuergesche Wuertbau, an da kucken ech mer als Beispill Erklärungen un aus dem Däitschen oder eebe wëssenschaftlech Texter aus dem Däitschen. Do mierken ech dann, dass dat am Lëtzebuergeschen alles guer net sou einfach fonctionéiert, well mer net ëmmer déi selwecht Basis hunn vum Verb bei d’Substantiv, dat heescht Mëttel, fir am Lëtzebuergeschen déi Saachen auszedrécken, sinn oft lexikalesch. Dass mer nei Wierder importéieren. Mee dat ass och eng grouss Chance, dass mer sou Saachen einfach iwwerhuele kënnen.
S: Dat fannen ech och!
C: Mer schaffen einfach vill mat Léinstrukturen, well mer selwer sou méisproocheg sinn, ass dat och guer kee Problem. Oder ass der d’Wuert ‘Heizung’ schonn eng Kéier ze däitsch virkomm?
S: ____
C: An et kann ee jo ëmmer nach Chauffage soen, wann ee wëll. Mee och dat ass geléint.
S: Genee, dat ass da Franséisch an et ass net vill gewonn.
C: … awer mer hunn do kee Verb chaufféieren. Also net bei der Heizung. Mer chaufféiere vläit mam Auto.
S: Alt nees eppes geléiert! Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!