Op Ouschtersonndeg begleet Iech Musek fir Sträichquartetter duerch d'Mëttesstonn. De Quatuor de Luxembourg, deen aus véier Museker:innen vun de Lëtzebuerger Philharmoniker besteet, proposéiert e Repertoire mat Haydn a Grieg. Domat steet mam Wiener Klassiker de Papp vun der Sträichquartett-Gattung um Programm, a mam nordesche Romantiker déi maximal Dramatik, déi een aus véier Sträichinstrumenter kann erauszéien.
Dësen Apéro-Concert gouf den 2. Februar 2025 am Kammermusekssall vun der Lëtzebuerger Philharmonie opgeholl.
D'Opnam ass disponibel bis de 27. Abrëll 2025 an der Mediathéik op www.opus.radio.
Programm:
Joseph Haydn (1732-1809): Sträichquartett a Fa mineur op.20/5
Edvard Grieg (1943-1907): Sträichquartett a Sol mineur, op.27
Interpreten:
Quatuor de Luxembourg
Osamu Yaguchi, Gei
Marina Kalisky, Gei
Aram Diulgerian, Braatsch
Ilia Laporev, Cello