Cocktail vun der Woch
Rum Old Fashioned
4 min
Eng Variatioun vum Cocktail-Klassiker, déi net grad esou staark ass. De Barkeeper Markus Sippe huet säi Rezept verroden.
Rezept:
Et kommen 100 Milliliter Zockersirop an e bëssen Angostura-Bitter an e Glas.
Duerno komme 75 Milliliter Rum an d’Glas an dat gëtt alles zesummen am Glas mat engem Läffel geréiert.
An en anert Glas leet een e groussen Äiswierfel an da kënnt de Cocktail do drop.
Als Dekoratioun kann een e bësse Schuel vun enger Orange huelen.
Presentéiert vum
- Simon Larosche
Episoden
Black Russian
En einfache Cocktail, deen esouguer eng Verbindung mat Lëtzebuerg huet.
Grog
E Cocktail, deen am 18. Joerhonnert vun engem britteschen Admirol erfonnt gouf.
Rum Old Fashioned
Eng Variatioun vum Cocktail-Klassiker, déi net grad esou staark ass. De Barkeeper Markus Sippe huet säi Rezept verroden.
Apple Hot Toddy
E Cocktail fir de Wanter, a wéi den Numm et scho seet, och een, dee waarm gedronk gëtt.
Daiquiri
E Cocktail, dee vu Kuba kënnt an ënner anerem duerch den Ernest Hemingway bekannt gouf.
Rob Roy
E Whiskey-Cocktail, benannt nom schottesche Volleksheld.
Bellini
En einfache Cocktail, deen nom italieenesche Moler Giovanni Bellini benannt ass.
Moscow Mule
Bei eis gëtt et den Original, mee et gi mëttlerweil och ganz verschidde Versiounen dovunner.
Manhattan
E Klassiker, deen aus dem 19. Joerhonnert staamt an nom New Yorker Staddeel benannt ass.
Mimosa
E Cocktail, dee virun allem gäre bei engem Brunch gedronk gëtt.
Alexander
E Cocktail fir nom Iessen. De Barkeeper Marius Birsan huet eis säi Rezept verroden.

Old Fashioned
E staarke Cocktail aus dem Süde vun den USA

Singapore Sling
E Cocktail, deen als Nationalgedrénks vu Singapur gëllt. De Barkeeper Marko Kuharic verréit eis säi Rezept

Mai Tai
En absolutte Klassiker an er Cocktail-Welt

Pornstar Martini
Ee vun de beléifte Cocktailer a Groussbritannien an ee vun de Favoritte vum Simon Larosche
