Dës Kéier gëtt et e Cocktail ouni Alkohol. De Barkeeper Marius Birsan huet domadder e Präis op der Weltmeeschterschaft gewonnen a verréit hei säi Rezept.
Rezept:
10 Blieder Peffermanz
15 Milliliter Sirop vum Hielenner
10 Milliliter Jus vu Roude Rommelen
E bësse Jus vu Goji-Bieren
15 Milliliter Orangëbléien-Waasser
Dat kënnt mat Äis an de Shaker. Nodeems een et e Glas geschott huet, kommen 100 Milliliter Spruddelwaasser mat derbäi, an da kann een et ëmréieren.