En absolutte Klassiker an der Welt vun de Cocktailen an een esou genaten Tiki-Cocktail. De Barkeeper Marko Kuharic verréit eis säi Rezept.
Rezept:
30 Milliliter Rum aus der Martinique
30 Milliliter donkele Jamaika-Rum
15 Milliliter Orgeat-Sirop
15 Milliliter Cointreau
E Schoss Ananas-Jus
Dat kennt alles zesumme mat Äis an de Shaker. Dono kennt zerklengert Äis mam Cocktail an d’Glas. Als Deko kann een Ananas-Blieder an eng Tranche Ananas benotzen.