E Cocktail fir de Wanter, a wéi den Numm et scho seet, och een, dee waarm gedronk gëtt. Domadder ass en och eng Alternativ zum Glühwäin. De Barkeeper Marko Kuharic huet eis säi Rezept verroden.
Rezept:
60 Milliliter Bourbon
40 Milliliter Äppeljus
40 Milliliter kachend Waasser
Ee Läffel Zocker
Eng Scheif Zitroun
E puer Neelcheskäpp
Eng Staang Kanéil
An e bësse Stärenanäis
Et léist een den Zocker an engem Deel vum waarme Waasser op, do kënnt dann de Whiskey an den Äppeljus dran. Da kënnt de Rescht vum waarme Waasser mat derbäi an d’Gewierzer an d’Zitroun mat dran.
De Cocktail zerwéiert een an enger Taass.