E Cocktail, deen ëmmer méi beléift gëtt. De Barkeeper Markus Sippe huet eis säi Rezept verroden.
Rezept:
50 Milliliter Vodka
25 Milliliter Kaffi-Likör
20 bis 25 Milliliter Vanill-Sirop
25 bis 30 Milliliter Frëschen Espresso
Dat kënnt alles zesumme mat Äis an de Shaker. Et kann een da mat e puer Espresso-Bounen dekoréieren.