E Cocktail, dee vu Kuba kënnt an ënner anerem duerch den Ernest Hemingway bekannt gouf. De Barkeeper Marius Birsan huet eis säi Rezept verroden.
Rezept:
60 Milliliter kubanesche Rumm
30 Milliliter Jus vun der grénger Zitroun
15 Milliliter Rohrzucker-Sirop
Dat kënnt dann alles zesumme mat Äis an e Shaker a gëtt dann duerno an e gekillte Glas geschott. An d’Glas kënnt awer keen Äis.