En einfache Cocktail, deen nom italieenesche Moler Giovanni Bellini benannt ass. De Bellini gëtt gären als Aperitif gedronk. De Barkeeper Marko Kuharic huet eis säi Rezept verroden:
De Purée vun enger wäisser Piisch kennt an d’Schampes-Glas. Da fëllt een d’Glas bis op Hallschent mat Prosecco op, an et vermëscht een dat mateneen. Duerno fëllt een dann d’Glas weider mat Prosecco op bis et voll ass.