Incipit
Nineteen Eightyfour
11 min
De Jean Portante geheit e Bléck op déi zwee éischt Sätz vum George Orwell sengem Kultroman "Nineteen Eightyfour", deen 1949 erauskoum. Ee Saz vun deem Roman ass an alle Käpp hänke bliwwen, souguer vun deenen, déi en net gelies hunn: "Big brother is watching you". Dat seet villes aus vun der totalitärer Gesellschaft, déi den Orwell beschreift, an an där de Protagonist, de Winston Smith, lieft.
Mir sinn zu London, eng Stad, déi sech net erkritt huet no e puer Nuklearkricher, an an där eng Diktatur alles gläichgeschalt huet. Alles? Neen, den Winston Smith versicht seng Intimitéit ze schützen, mee kann dat him geléngen?