arrow_back_ios
Incipit
John Steinbeck - Of Mice an Men
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow
Am amerikaneschen Nobelpräisdréier John Steinbeck senger Novella "Of Mice an Men", Vu Mais a Mënschen, geet et ëm zwee Kumpanen, déi an der Géigend vu Salinas, dat ass a Kalifornien, duerch d’Land sträichen, op der Sich no Aarbecht. George a Lennie heesche si, a mir sinn am Ufank vun den 30er Joren, just no der grousser Kris vun 1929. De Lenni ass geeschtlech handicapéiert a ka seng Kraaft net kontrolléieren, wann hie Saachen, Déieren oder Mënschen upéckt. Datt dat zur Tragedie féiert, ass inevitabel.