arrow_back_ios
Incipit
Heart of Darkness vum Joseph Conrad
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
Heart of Darkness ass e Klassiker vun der Englescher Literatur. De Kuerzroman vum Joseph Conrad gouf 1902 publizéiert. Am Mëttelpunkt vum Buch steet de Marlow. Hien erzielt vu senger Rees an den Dschungel vum Kongo. Hien ass do op der Sich no engem gewëssene Kurtz. Dat ass e rätselhaften Ex-Colonel, deen e grausamen Elfenbein-Trafikant ginn ass, an déi kongoleesesch Bevëlkerung mësshandelt an ausbeut. De Jean Portante hëlt haut an Incipit den Ufank vum Buch ënner d'Lupp.