Incipit
Georges Orwell - Animal Farm
12 min
De Jean Portante hëllt den Ufank vun engem grousse Klassiker vun der englescher Literatur ënner d’Lupp, dem Georges Orwell seng Fabel “Animal Farm”. Hei fanne mir an den éischte Sätz zwee Personnagen, de Mr. Jones, deen de Proprietär vun engem Bauerenhaff ass, an den Old Major, dat ass e Schwäin, dat un der Spëtz vun engem Opstand vun den Déiere vum Haff steet. Mir hunn hei d’Allegorie vun der russescher Revolutioun, an där, nom Doud vum Old Major, deen am Orwell sengen Aen de Lenin verkierpert, zwee aner Schwäin, de Snowball, alias Trotzki, an den Napoleon, alias Stalin, ëm d’Muecht kämpfen. A wéi dat ausgaangen ass, wësst Dir.