arrow_back_ios
Incipit
La peste
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
De Jean Portante geheit e Bléck op déi éischt Sätz vun engem Klassiker vun der franséischer Literatur, deen all déi, déi duerch eise Lycée gaangen sinn, kennen. Et handelt sech ëm "La peste" vum Albert Camus. E Roman, deen eigentlech zwee Incipitten huet. Well éier den Dokter Rieux op déi doudeg Rat fält, déi d'Pescht ukënnegt, de Camus op dräi Säiten de banalen Alldag vun der algeerescher Stad Oran beschreift, eng banal Stad, déi net drop virbereet ass, en aussergewéinlecht Evenement ze erliewen ...