Incipit
L'Idiot
11 min
De Jean Portante geheit e Bléck op den Ufank vum Fedor Dostoïevski sengem Roman "L'Idiot", dee fir d'éischt als Feuilleton an enger Zäitschrëft erauskoum. All déi, déi d'Buch, dat zu de ganz grousse Romaner vun der Weltliteratur zielt, kennen, erënnere sech bestëmmt un den attachante Prënz Myshkine, dee wéi e Kand an déi batter Welt vun den Erwuessene katapultéiert gëtt, wou seng total Éierlechkeet, gekoppelt mat enger totaler Naivitéit, dem Dostoïevski et erlaabt d'Hypokrisie vun der russescher Gesellschaft op eng magistral Aart a Weis ze radiographéieren.