arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Multikulti

Multikulti

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

De Sunsay, mat richtegen Numm Andriy Zaporozhets, aus der Ukrain, ee bei eis nach onbekannten Artist, a sengem Land hat hien awer vill Succès mat der Formatioun 5'nizza.


Eng nei Stëmm aus dem zäitgenëssesche Flamenco ass déi vu Rocio Marquez y Bronquio. Si, eng vun de schéinste Stëmmen aus dem Flamenco vun haut, hien, e bekannte spuenesche Produzent aus dem Beräich vun der elektronescher Musek. Mir héieren hei eng zäitgenëssesch Entfriemung vum Genre ...


De Rodín Kaufmann ass an Däitschland gebuer, am Marokko, an Ägypten an am Libanon grouss ginn an ass elo zu Marseille installéiert. Polyglott a multidisziplinär, den Artist decidéiert déi okzitanesch Sprooch ze léieren a sengt se op seng Aart a Weis, agepaakt a ganz eegen Hybrid-Kompositiounen.


De Grupp Ayom gouf zu Barcelona gegrënnt a gëtt vun der brasilianescher Sängerin a Perkussionistin Jabu Morales geleet. Si ass ëmgi vu Museker aus Angola, Italien a Griichenland. Ayom léisst den Itineraire vun der afrikanescher Diaspora erkléngen.


Eng schéin orchestréiert Pop héiere mir vum Jan Verstraeten. Dem Museker vu Gent seng Kompositioune klénge wéi musikalesch Postkaarten, e Coup de coeur!


Psychedeeleschen orientalesche Funk vu Jakarta proposéiert den indoneseschen Trio Ali, en hypnotesche Groove, beaflosst vum Sound aus dem Underground vu Jakarta an de 70er Joren.


Vicky Veryno ass en neien Numm am Beräich vun de Singer-Songwriterinnen. D'Franséisin vu Rennes schaaft eegen Atmosphäre mat enger gudder Balance tëschent Akustik an Elektronik.


Kóboykex sinn zwee Kärelen, déi sech als Cowboye presentéieren, Hiemer mat Fränjelen a mat pastellfaarwege Stetsons. Déi zwee Färöer vu Kóboykex maachen eng Musek déi schéngt aus dem Néierens ze kommen, esou wéi déi geographesch Positioun vun den Inselen, een zeréckgesaten Tempo tëschent Country a minimalistescher Elektronika.


Afro-Elektro, dat ass d'Spillwiss vun der Asna, d'Komponistin an d'DJ staamt vun Abidjan. Wann een DJ och e Museker ass, dann an dësem Fall op jiddwer Fall!


Psychedelesch Kläng aus der Tierkei héiere mir vu Şatellites, Grupp, déi zu Tel Aviv baséiert ass. Si sinn inspiréiert vun den anatolesche Kläng aus de 70er a revisitéieren op hir Aart a Weis vergiesse Stécker vun Divae wéi enger Kamuran Akkor oder Ferda Gül.


Playlist:



Sunsay - Excatly U/Single

Rocio Marquez y Bronquio - Niña De Sangre -Tercer Cielo

C. Tangana & Niño de Elche - Un Veneno/Single

Puuluup - TV on the street - Viimane Suusataja

Rodín - Rei de la luna - Pantais Clus

Ariel Tintar - Taxi Caraïbes/Single

Ayom - Cachaça e macarrão - Ayom

Jan Verstraeten - Vampire In My Bed - Violent Disco

Ali - Downtown Strut/Single

Danielle Ponder - So Long - Some Of Us Are Brave

Birrd - Void Loop/Single

Zaho de Sagazan - Suffisamment

Kóboykex - Midnight Gale/Single

Zaho de Sagazan - Suffisamment/Single

Asna - Atalaku/Single

Şatellites - Seni Sen Olduğun İçin Sevdim /Single

Mowdee x coutié - Boca/Single


Episoden

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow