arrow_back_ios
Incipit
Germinal
De Jean Portante geheit e Bléck op den Ufank vum Émile Zola sengem bekanntsten Roman. Et fänkt u mat engem Mann, deen an der Nuecht ënnerwee ass. Hie kënnt vun der Stad Marchiennes, an déi gëtt et am Norde vu Frankräich, a geet a Richtung Montsou, eng erfonnten Uertschaft. Schonn am éischte Saz seet eis de Zola also, wéi sech a senge Bicher Realitéit a Fiktioun vermëschen.