arrow_back_ios
Incipit
Die Blechtrommel
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Wann een, an der däitscher Literatur, de Virnumm Oskar ernimmt, denkt een direkt un dem Günther Grass säin éischten Roman "Die Blechtrommel". Do ass den Jean Portante dës Kéier säin éischten Saz siche gaangen. En éischte Saz, deen de Lieser esou virwëlzeg mécht, datt en onbedéngt weiderliesen wëllt, an esou an e Buch eraklëmmt, dat am Nokrichs-Däitschland d'Stonn vun der Operstéiung vun der Literatur agelaut huet.