arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Cross-kulturellen Dialog

Cross-kulturellen Dialog

Dass "d'Stäerkt" vun enger Musek an engem cross-kulturellen Dialog stattfënnt, gëtt ëmmer erëm verdäitlecht, haut héiere mer e.a eng schéin Renconter tëscht der traditioneller Musek aus dem Mali an der franséischer Chanson. Cross-kulturellen Dialog och beim Piers Faccini. Yaoundé, d'Haaptstaat vum Kamerun war an de 70er Joren eng héich kreativ Plaz a Saachen Musek. De franséische Label Sonafric huet gehollef vill Artisten aus dem Kamerun engem gréissere Public zougänglech ze maachen. Den Orchestra Baobab aus Senegal staamt och aus de 70er an de Grupp huet sech erëm vereent an ass mat vill Succès duerch Europa getourt. A fir datt dës Artiste net a Vergiessenheet geroden, erënnert d'Cynthia haut och un de Momo Wandel Soumah. Sänger mat enger rauer Stëmm, och Komponist a Saxophonist, aus Guinea. Zenter de 50er Joren wor hien op den afrikanesche Bünen ënnerwee a faszinéiert nach haut mat sengem eegewëllege Mix aus Jazz an traditioneller afrikanescher Musek.


Zu den interessanten Nei-Verëffentlechungen zielt Kabul Fire Vol 2 vum Hamburger Produzent Farhot, deen op en Neits op eng Rees bei seng biographesch Originnen mathëlt. Fir dës Woch ugekënnegt, ass den neien Album vun Circuit des Yeux, wou mir déi amerikanesch Sängerin Haley Fohr erëm begéinen. Eng fantastesch Stëmm, 4 Oktaven heescht et, Gittaren, Straicher, Orchester an eng rhythmesch Ënnermolung, alles fein arrangéiert. Op der Kräizung vun den iranesche Museken, den indeschen an ireschen ass den Album Hâl vun der Maryam Chemirani, Genoss pur....


Mossa & Zoya - Ezaho - Tafouk D Ewar - EP


Mossa & Zoya - Wertehem Tamiditin - Tafouk D Ewar - EP


Piers Faccini - Dunya - Shapes of the Fall


Joseph Kamga - Sie Tcheu - Cameroon Garage Funk


Orchestra Baobab - Dée Moo Woor - Specialists In All Styles


Momo Wandel Soumah - Félenko Yéfé - Desert Blues


Farhot & Tiggs Da Author - Feel Ugly - Kabul Fire, Vol. 2


Curtis Harding - Hopeful - Hopeful - Single


Circuit des Yeux - Dogma - io


Big Red Machine - The Ghost of Cincinnati - How Long Do You Think It's Gonna Last?


Maryam Chemirani, Sylvain Barou, Bijan Chemirani & Keyvan Chemirani - Bâman Sanamâ - Hâl. Ballades Amoureuses


Quantic & Nidia Góngora - Macumba de Marea - Almas Conectadas

Episoden

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow