arrow_back_ios

One World

Mô'ti Tëi, en Artist vu Rennes, dee passionéiert ass, aus den Träipen eraus sengt an der Iwwerzeegung ass, datt hien eppes ze soen an ze verteidegen huet. "Well Dressed Exile: Second Humming" ass säin éischten Album.


Paddy Sherlock, een iresche Singer-Songwriter, dee Paräis zu senger Walheemecht gemaach huet, mat senger Trombonn duerch d'Clubliewe getingelt ass, fir FFF oder d'Liz McComb gespillt huet, souz scho méi wéi eng Kéier hanner engem Piano, huet seng Krawatt lassgemaach a behaapt - gutt garnéiert - datt et de Piano wier, dee voll wier, an net hien.


"Awid Aman", e Berber-Lidd, hei interpretéiert vum Chan Handpan, franséischen Artist, och nach bekannt als de Batteur vum Grupp Alea Jacta Est.


"Genoma" ass deen éischten Album vum Pianist a Komponist Ismail Sentissi. Hien ass zu Casablanca gebuer, 1986, an ass opgewuess mat den traditionelle Museken, huet awer och Hard-Rock gelauschtert. 2019 lancéiert hie säin Trio an haut den Album mat der interessanter Iwwerschrëft "Genoma". D'Genom, am Fong dat eenzegt, wat am viraus geschriwwen ass! "Genoma" ass eng instrumental Rees an 12 Etappen, Jazz a Polyrhythmië kräizen de Blues an traditionell marokkanesch Museken.


Playlist:



Mô'ti Tëi - Falling Down - Well Dressed Exile: Second Humming

Mô'ti Tëi - Dying of Boredom - Well Dressed Exile: Second Humming

Mô'ti Tëi - Gently Kissing - Well Dressed Exile: Second Humming

Neal Francis - Changes (Demo) - Colemine Records Presents: Brighter Days Ahead

Paddy Sherlock - In Heavens Name - Dusk

Chan Handpan - Awid Aman (Radio Edit) - Chan Handpan

Chan Handpan - Sous le grand chêne - Awid Aman

Yom - Celebration - Celebration

Chan Handpan - Baudelaire m'a sauvé - Awid Aman

Ismail Sentissi Trio - Silences d'Oumma - Genoma

Curtis Harding - Hopeful - Single

Kubix - Deep Eyes - Guitar Chant

WASSAILER - Ghosts (feat. DemiMa & Johnny Woodham) - I, The Bastard




Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!