Radioen

On air

9 bis 1  |  Two Door Cinema Club - Undercover Martyn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ President vu Vie naissante ass "bass erstaunt" iwwer rezent Diskussiounen

Subventioun trotz Anti-Ofdreiwungs-Haltung?

President vu Vie naissante ass "bass erstaunt" iwwer rezent Diskussiounen

D'ASBL Vie naissante kann d'Diskussioune ronderëm hir Subventioun vun der Stad Lëtzebuerg net verstoen. Dat seet hire President André Grosbusch am 100,7-Interview. Nom ville Luef, wat een iwwer Jore vun de Gemengenautoritéite kritt hätt, wier een elo "bass erstaunt" iwwer d'Polemik.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Am Kader vun hirem 50. Anniversaire kritt d'ASBL Vie naissante - wéi all ASBL, déi um Stater Territoire aktiv ass - e Subsid iwwerwisen. 2.200 Euro an deem Fall. Vie naissante ënnerstëtzt schwanger Fraen, ass awer géint d'Recht op Ofdreiwung, dat am Lëtzebuerger Gesetz verankert ass. Dat stëmmt verschidde Leit um Knuedler nodenklech.

Schutz vun de Kanner: Virun an no der Gebuert

Am 100,7-Interview ënnersträicht den André Grosbusch, datt Vie naissante de Subside ordinaire schonn zënter Jore kritt. Dësen ass geduecht, fir déi sozial Aktivitéite vun der ASBL ze ënnerstëtzen. Si schaffe mat de Stater Office-sociallen zesummen an traitéieren eng 300 bis 400 Dossieren am Joer. Zu den Aktivitéite vun der ASBL gehéiert och eng Kleederstuff, wou Leit hir Kutschen, Kannerbetter a Kleeder kënnen ofginn. Aktivitéiten, fir déi d'ASBL an der Vergaangenheet vun de Gemengenautoritéite gelueft gi wier, esou den André Grosbusch.

Datt d'ASBL géint d'Ofreiwung ass, wier hiert gutt Recht, esou hire President. An am Recht geséich si sech och: D'Recht op Liewe wier nämlech an der universeller an an der europäescher Mënscherechtserklärung festgehalen.

“An der Kannerrechtserklärung, déi Lëtzebuerg mat ënnerschriwwen huet, steet ausdrécklech mat dran, datt d’Kanner Schutz zegutt hunn, no der Gebuert a virun der Gebuert.”

Fir ee Berodungsmodell

Op dëse Grondprinzippie géing sech d'ASBL Vie naissante baséieren, esou den André Grosbusch, deen och de Verglach mam Mouvement écologique zitt: Wa Lëtzebuerg elo op Atomenergie setze géing, an de Mouveco ass jo bekanntlech dogéint, da géing een hir finanziell Ënnerstëtzung och net stoppen, esou de President vu Vie naissante.

Wärend den Diskussioune ronderëm d'Recht vun der Ofdreiwung war Vie naissante fir den däitsche Model, deen ee Berodungsmodell duerstellt.

Iwwerdeems wiere vill Fraen net frou doriwwer, ofdreiwen ze mussen. Si géingen deelweis dozou gezwonge ginn, esou den André Grosbusch. Hie betount, datt vill Frae frou wieren, d'Kand zum Schluss awer kritt ze hunn.

Net op Subsiden ugewisen

Vie naissante verbënnt hir sozial Aktioun mat hirem Mënschebild a mam Respekt virum Liewen. Den André Grosbusch gesäit dat als ee grousst Bild, dat zesummenhänkt. Hie verweist och op d'Meenungsfräiheet, déi an all gudder Demokratie gëllt a gesäit net an, firwat een eng aner Meenung zu engem Gesetz dierft hunn.

Iwwerdeems kéint d'ASBL och ouni Subsid iwwerliewen, betount hire President. Si géingen och näischt vum Staat kréien, wat hir Onofhängegkeet ënnersträicht.

Lauschterenplay_arrow