Op der geplangter internationaler Konferenz zu New York iwwert den Noen Oste kéint Frankräich ee Staat Palästina unerkennen. Dat hat de franséische President Emmanuel Macron déi lescht Woch annoncéiert.
Ob Lëtzebuerg sech deem géif uschléissen huet den Ausseminister Xavier Bettel haut um Bord vun der Reunioun um Kierchbierg opgelooss.
De Grand Duché géif weider pragmatesch un déi Fro erugoen.
Éischt Konditioun fir eng Unerkennung wier ee Waffestëllstand an d’Fräilosse vun de Geiselen, sou den DP-Politiker. An:
"Et ass net nëmmen eng Unerkennung vu Palästina vun enger Rëtsch vu Länner, déi da vläicht op der Dagesuerdnung steet, awer och dann eng Unerkennung vun Israel vun enger Rëtsch vu muslimesche Länner, wat haut och nach net de Fall ass. An ech hoffen, datt mer do wierklech eng Beweegung kréien, déi mer nëmmen ënnerstëtze kënnen."
De Fait, datt verschidde Länner ewéi Spuenien, Irland oder Norwege Palestina als Staat unerkannt hunn, hätt um Terrain näischt geännert, sou den Ausseminister. Et bräicht zousätzlech eng Dynamik, déi och Konsequenze géif mat sech bréngen.
EU ënnerstëtzt palästinensech Autoritéiten a Projeten
D’Europäesch Unioun ënnerstëtzt déi palästinensesch Autoritéite mat weideren 1,6 Milliarden Euro, sou d’Annonce haut zu Lëtzebuerg vun der Bausseboptragte Kaja Kallas.
Am Mëttelpunkt vun der Hëllef stinn d’Waasser- an Energieversuegung, heescht et an engem Communiqué vun der EU-Kommissioun.
Haut um Méindeg Owend ass zu Lëtzebuerg eng Reunioun tëscht palästinenseschen an EU- Vertrieder, op där ënner anerem d’EU-Chefdiplomatin an den palästinensesche Premierminister Mohammad Mustafa iwwert de Konflikt an der Gazasträif an eng méiglech Zweestaateléisung diskutéieren. Och den Ausseminister Xavier Bettel hat sech de Méindeg Mëtteg bilateral mam palästinensesche Premier getraff.
Déi lescht Wale gouf et an de palästinenesche Gebidder am Joer 2006. Zanterhier goufe Walen ëmmer nees opfegesot, wéinst Sträit tëscht der Fatah-Beweegung am Westjordanland an der terroristescher Hamas an der Gazasträif.