Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Chappell Roan - Good Luck, Babe!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Dëschtennisfederatioun kritt eng ganz nei Spëtzt

FLTT

D'Dëschtennisfederatioun kritt eng ganz nei Spëtzt

Historesche Wiessel un der Spëtzt vun der Dëschtennisfederatioun, déi um Samschdeg hir Generalversammlung zu Gréiwemaacher ofgehalen huet. 27 Joer war de fréieren Nationalspiller André Hartmann President, hie gëtt vum Charel Muller, de Vizepresident vu bis elo ersat. Donieft goufen och aner Spëtzeposten nei besat.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Carole Schimmer play_arrow
(Foto: Carole Schimmer)

Nieft dem Charles Muller, dem neie President gëtt de Frank Schreiber Trésorier, de Steve Schmol ass President vun der Commission technique an de Gilles Michely ass President ginn, vun der Commission des relations publiques. D'Zil vun der neier Equipe ass et d’Fonctionnement vun de Veräiner ze vereinfachen, an déi zukünfteg nei Reegelen ëmzesetzen, ewéi den Dateschutz oder de Kampf géint de Mobbing. 

D'Verbandsreegelwierk moderniséieren

Weider wëllt den neie President d’Gouvernance upassen. Dem Charles Muller wier et wichteg, eng Rei Saachen ze moderniséieren. Dozou gehéiert d‘Verbandsreegelwierk. Dat wier zwar gutt, mee och "bëssen an d‘Jore komm".

"An do stelle sech notamment sou Froe wéi d'Limitatioun vun de Mandater, wéi geréiere mer Conflict d'interêt an esou weider. Dat si Saachen, déi ech wëll ugoen."

Ee Wonsch wier et datt méi Jonker sech fir dee Sport interesséieren, an datt si och eng Offer fannen. Och d’Presenz vu Fraen a Meedercher wier verbesserungsfäeg. 

Nächste Rendez-vous: Los Angeles

Wat fir d’Federatioun elo wichteg wier ass eng weider finanziell Ënnerstëtzung fir de Kader an der Verwaltung an am Training ze verstäerken de Charel Muller. D‘nächst Joer soll d‘FLTT och ee Generaldirekter kréien. Dee soll d‘Aarbecht am Sekretariat ënnerstëtzen. 

Dee nächste Rendez-vous ass schonn an dräi Joer mat den Olympesche Spiller zu Los Angeles, do ginn et nei Disziplinnen, den Dubbel Dammen an Dubbel Hären, och den Dubbel Mix gëtt nei opgestallt. D’Dëschtennisfederatioun huet iwwregens 4300 Spiller an 75 Veräiner. 

Aussergewéinlecht Joer 2024

D’Lescht Joer war fir de Lëtzebuerger Dëschtennis aussergewéinlech. Fir d’éischte Kéier waren dräi Lëtzebuerger bei den Olympesche Spiller mat derbäi. D’Ni Xia Lin war zejoert zu Paräis fir d’sechste Kéier bei den olympesche Spiller, zesumme mat der Sarah de Nutte an dem Luka Mladenovic.

Markéiert gouf dat lescht Joer duerch och d’Kriticke vun der Sarah de Nutte géint hir Federatioun. Op der Generalversammlung war dat awer guer keen Thema méi. D’Sarah de Nutte hat vun der Federatioun wéinst hiren Aussoen ee Blâme kritt. 

Lauschterenplay_arrow