Bis ewell leeft alles no Plang, esou de Schengener Buergermeeschter Michel Gloden op eis Nofro hin. Dat fréiert Schëff Marie-Astrid, op deem de Schengenaccord ënnerschriwwe gouf, gëtt den Ament nach an enger däitscher Werft renovéiert, éier et fir de Joresdag permanent zeréck op Schengen kënnt. Dofir gëtt elo ënner anerem de Quai gebaut.
Den Ament ass nach net vill vum Endresultat vu baussen ze gesinn, erkläert d'Martina Kneip, Direktesch vum Europamusée zu Schengen.
"Wann een am Moment op Schengen kënnt, da gesäit een eigentlech eng risegrouss Baustell. Dat ass op der enger Säit de Musée, wou och d'Fassad grad frësch gemaach gëtt, a bannen natierlech och, an op der anerer Säit de Quai vun der Marie-Astrid, deen am Moment och grad gebaut gëtt."
Och eng Wiessel-Ausstellung ass virgesinn
Fir d'Aweiung ass awer nach ëmmer de 14. Juni virgesinn, betount d'Martina Kneip. D'Schëff, dat elo "Prinzessin Marie-Astrid Europa" heescht, gëtt zu engem Deel vum Europamusée zu Schengen ëmgeännert, erkläert si weider. Herno soll de Musée engersäits aus dem Centre européen bestoen, deen um Land ass, an den aneren Deel ass eeben d'Schëff. An deem soll den Accueil sinn, wou och Konferenze kënne gehale sinn.
"An do wäert dann och eng Wiessel-Ausstellung ëmmer mol erëm sinn. Also dat sinn dann awer ganz verschidde Saachen, déi natierlech iergendwéi am Theema awer trotzdeem mat Grenzen, Schengen, der Regioun an esou weider ze dinn hunn."
Un de Feierlechkeete wäerten ënner anerem de Grand-Duc Henri a seng Schwëster d'Prinzessin Marie-Astrid deelhuelen.