arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pim Knaff: Hassried géint LGBTQIA+-Persoune wier keng Meenungsfräiheet

Resolutioun ugeholl

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Pim Knaff: Hassried géint LGBTQIA+-Persoune wier keng Meenungsfräiheet

Den Escher Kulturschäffe Pim Knaff huet eng Resolutioun géint Haassried géintiwwer der LGBTQIA+-Communautéit aus Solidaritéit mat der Gemeng Nidderaanwe presentéiert. Hei war eng Vëlospist an de Reeboufaarwe verschampeléiert ginn.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© picture alliance / CHROMORANGE | Martin Schroeder
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Martin Schroeder)

An de soziale Medie waren iwwerdeems homophob Kommentaren ënner de Foto gepost ginn. Den Escher Kulturschäffen huet betount, datt d'Gemeng Esch esou ee Verhalen net toleréiere géif. 

Haassried wier keng Meenungsfräiheet, esou de Pim Knaff. 

"Hassried huet och ee konkreeten Impakt op d'Wuelbefannen an d'mental Gesondheet vun deene Mënschen, déi hir zur Zilscheif ginn." 

Den Internet wier kee rechtsfräie Raum, esou de Pim Knaff. 

"Esch ass déi éischt Gemeng, déi dem Reseau vun de Rainbow-Cities bäigetrueden ass. Dës Engagementer verflichten eis, dorun ze erënneren, datt do do inakzeptabel ass, an datt mir de klammenden Haass vis-à-vis vun LGBTQIA+-Persounen net dierfen toleréieren." 

Et sollt een e Beispill setzen, andeems een d'Haassried ëffentlech verurteelt, esou nach de Pim Knaff. Wat zu Nidderaanwe geschitt wier, wier keen Eenzelfall. Eng Etüd vun der europäescher Unioun no géifen d'Diskriminéierunge par rapport zu LGBTQIA+-Persounen hei zu Lëtzebuerg an d'Luucht goen, esou den Escher Kulturschäffen. 

play_arrow Lauschteren