Radioen

On air

Thé Dansant  |  Grace Jones - Slave To The Rhythm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kommunikatioun vun HUT mat der Press onerwënscht - Presserot schockéiert iwwer Stater Schäfferot

Meenungs- a Pressefräiheet

Kommunikatioun vun HUT mat der Press onerwënscht - Presserot schockéiert iwwer Stater Schäfferot

An engem Bréif un d’Stater Gemeng seet sech de Presserot haut “erstaunt” iwwer eng Decisioun vun der DP/CSV-Majoritéit am leschte Gemengerot. Do gouf nämlech festgehalen, datt all Kommunikatioun vun “Hëllef um Terrain”, der Nofolgeorganisatioun vun der Caritas, iwwer Konventiounen tëscht HUT an der Stater Gemeng a Concertatioun mat der Stad ze maachen ass.

auto_stories

2 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg

De Conseil de presse gesäit doran e Verstouss géint d’Meenungs- a Pressefräiheet a wëll, datt dee Passus gestrach gëtt. De Presserot ass och schockéiert iwwert d’Ausso, datt dee Passage hëllefe géif, fir d’Leit vun “Hëllef um Terrain” virun der Press ze schützen. De Roger Infalt, Generalsekretär vum Conseil de presse, fënnt, datt hei eng Grenz erreecht ass.

Wann HUT gär hätt, datt hir Mataarbechter net solle mat der Press schwätzen, da wier et un HUT - wann dann iwwerhaapt - fir dat ze decidéieren.

"Wann een zu deene seet: Dir däerft elo op kee Fall méi mat engem Journalist schwätzen, well mir wëllen Iech virun deene schützen, wat seet een do implizitt? Datt Journaliste geféierlech sinn, oder wéi?"

Et géif een elo op d’Äntwert vun der Stater Gemeng waarden. Doriwwer soll, sou de Roger Infalt, de Freideg am Schäfferot ofgestëmmt ginn, ier et dann, wéi et schéngt, eng offiziell Erkläerung géif ginn. Bis an den Nomëtteg eran hat een als Conseil de presse op alle Fall nach kee Feedback vum Knuedler kritt.