arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Journalist vun "deutsche Welle" kënnt aus der Untersuchungshaft an der Tierkei fräi

Tierkei

|
reading time

1 min

Journalist vun "deutsche Welle" kënnt aus der Untersuchungshaft an der Tierkei fräi

De Journalist soll nach haut den Owend aus dem Prisong zu Istanbul entlooss ginn. Dat huet ee Geriicht zu Ankara haut decidéiert. Den Alican Uludag war virun dräi Méint an der Tierkei festgeholl gi wéinst Presidentebeleidegung a Verbreedung vu kontroversen Informatiounen.

reading time

1 min

De Prozess war international schaarf kritiséiert ginn, et goufen och Protester. Déi däitsch Regierung an d‘Presseverbänn hate seng Fräiloossung gefuerdert. 

Och wann de Reporter aus der Untersuchungshaft fräikënnt, soll de Prozess awer am September weidergoen, wéi säin Affekot matgedeelt huet.