D'Police wäert de Weekend iwwer verstäerkt Kontrollen um Stauséi maachen
Mam sonnege Wieder op dësem Weekend wuessen och nees d‘Visiteurszuelen um Stauséi. D‘Police erënnert haut am Virfeld scho préventiv drun, datt gewësse Regele mussen aghale ginn.
D'Parkplaze ronderëm de Stau sinn am Summer séier iwwerfëllt. (Foto: Vincent Lescaut)
Deemno solle just déi regulär Parkinge genotzt ginn an d‘Zoufaartsstroosse fräi gehale ginn. Donieft sollen d‘Awunner:innen, Planzen an Déiere respektéiert ginn.
Dat selwecht gëllt fir d‘Reegelen, déi an enger Schutzzon gëllen, méi speziell wat de Kaméidi, d‘Grillen an den Offall ugeet.
D‘Police wäert op der Plaz sinn a Kontrolle maachen.