arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schüler an Eltere goufen zu Miersch um Schoulwee vu Grupp vu Jonken zesumme geschloen

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Schüler an Eltere goufen zu Miersch um Schoulwee vu Grupp vu Jonken zesumme geschloen

E puer Leit hätte missten an d’Klinik, sot d’LSAP-Deputéiert Francine Closener an der Chamber. Trotz Mesurë vum Lycée, fir d’Schüler ze schützen, an trotz Plainten, soll d’Situatioun zu Miersch sech bis haut net verbessert hunn, huet d’Oppositiounspolitikerin kritiséiert.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Op eis Nofro huet d’Francine Closener preziséiert, datt e puer Ministeren an déi Mierscher Gemeng dëse Méindeg vun Eltere vu Schüler an engem Courrier iwwer “geziilte Gewalt wärend dräi bis véier Wochen” informéiert gi wieren.

Mat de concernéierte Schüler:inne misst nach geschwat ginn 

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet haut an der Chamber vun enger neier Qualitéit vu Gewalt a vun enger deelweiser Banaliséierung vu Gewalt an a ronderëm d’Schoule geschwat. 

"Dee ganz konkrete Fall, deen Dir hei uschwätzt, zu Miersch, huet och dozou gefouert, datt d’Schoulen disziplinaresch Moossname geholl hunn." 

D'Schoulen hätten hir Responsabilitéit geholl a wieren disziplinaresch géint d'Schüler:inne virgaangen, esou de Claude Meisch. 

"D’Schoulen hunn dat awer och mat där Schoulcommunautéit thematiséiert, fir ganz kloer ze maachen, datt dat doten inacceptabel ass, an datt dat och zur Conclusioun an zu Konsequenze ka féieren an och muss féieren. An et wäert och nach mat deene concernéierte Schülerinnen a Schüler zu Miersch selwer thematiséiert ginn. Well ech mengen dat Schlëmmst wär, datt mer et och banaliséieren."

Wat genee um Schoulwee zu Miersch geschitt ass, misst eng Enquête vun der Police weisen, an d’Justiz misst hir Aarbecht maachen, esou de Claude Meisch. 

Fir de Moment hätt ee keng Informatiounen an deem Zesummenhang, huet de Spriecher vun der Justizverwaltung eis de Mëtteg matgedeelt.

D’Zeitung l’Essentiel hat d’lescht Woch gemellt, datt no verschiddene Fäll vu Gewalt tëschent Jugendleche ronderëm de Schoulcampus an d’Gare zu Miersch, nom Enn vun der Schoul all Dag Polizisten, Sécherheetsleit vun der CSV a Gemengebeamten op der Plaz wieren, fir fir Uerdnung ze suergen.

play_arrow Lauschteren