Laachgas, och nach als Distickstoffmonoxid bekannt, ass e Gas wat eigentlech virop an der Medezin als Narkosemëttel benotzt gëtt. Méi alldeeglech kennt een et och als dee Gas, deen an der Kiche gebrauch gëtt fir Schlagsan ze maachen.
Well Laachgas eng berauschend Wierkung huet, gëtt et zënter Joren och als Partydrog mëssbraucht. Dacks duerch Ballonen inhaléiert, kritt een e kuerzen “High”, den nëmmen e puer Minutten unhält.
Hype an de Soziale Medien
Den “Hype” ronderëm de Laachgas gëtt virun allem iwwer déi Sozial Medien ugeheizt.
De Konsum ka seriö Suiten hunn, wei d’Manon Block, Fachberoderin fir Gesondheetsfërderung a Suchtpreventioun beim Nationale Suchtepreventiounszentrum CNAPA, erkläert.
“Een iwwerméissege Konsum kann de B12 Stoffwiessel stéieren. An dat kann zu schwéieren neurologesche Stéierunge kommen."
Wat och beim Konsum geféierlech ass, ass datt ee wärend dem Konsum kann onmächteg ginn, esou d'Manon Block. Dat, well e Sauerstoffmangel asetzt. Dat heescht, et kann ee sech och nach verletzen.
"Et ass eppes, wou mir ëmmer soen, wann een et consomméiert, datt een et och net eleng soll maachen, well wann een sech eleng verletzt a keen ass dee Moment an der Géigend, deen éischt Hëllef leeschte kann, dann ass et schonn extreem geféierlech.”
Weder den Akaf nach de Konsum si strofbar
Wat Laachgas fir Consommateure besonnesch interessant mécht, ass d’Accessibilitéit. Et géife quasi keng Hürde ginn, wann et drëm geet, un d'Behälter mam Gas ze kommen, esou d’Manon Block.
“Well een dat ganz einfach kritt a legal bis elo kritt huet, hei zu Lëtzebuerg op alle Fall elo mol nach vis-à -vis vun den Nopeschlänner. Well et bëlleg ass an eeben och onkomplizéiert. Et kann een dat schnell consomméieren.”
Zu Lëtzebuerg ass momentan weder de Verkaf nach de Konsum strofbar. A Cartouchë kann ee sech ganz einfach um Internet bestellen.
Däitschland: Verkaf zënter Abrëll illegal
Genee do setzen eis Nopeschlänner mat neie Regulatiounen u fir géint Laachgas als Drog vir ze goen. An Däitschland ass zënter Abrëll de Verkaf an Automaten an iwwer Internet komplett verbueden. D’Manon Block fënnt, Lëtzebuerg misst och op dee Wee goen.
“Et misst reguléiert ginn, well jo all eis Nopeschlänner an iergendenger Hisiicht och eng Reguléierung elo hunn. Däitschland, Frankräich an d'Belsch. Dat heescht, mir sinn am Fong dat eenzegt Land ronderëm, wat nach guer keng Regulatioun huet.”
Ministère: Konsum wier schwéier ze kontrolléieren
Op Nofro hin huet de Santésministère erkläert, datt een d’Ännerunge vu Gesetzer fir Laachgas am Ausland géif am A behalen. De Verkaf an d’Notzung vum Gas wier op nationalem Niveau schwéier ze kontrolléieren an dofir wier de Gesondheetsministère fir eng méiglech Reglementatioun op EU-Niveau.
Doriwwer eraus huet de Ministère och keng statistesch Zuelen iwwer de Konsum. An enger schrëftlecher Äntwert heescht et, datt och vun Organisatiounen, déi sech ëm Persoune këmmeren, déi an der Fräizäit Droge consomméieren, keng signifikant Entwécklung gemellt gouf.
Ee vun den eenzegen Indicateuren, déi et zu Lëtzebuerg gi fir erauszefannen, wéi verbreet de Phenomen kéint sinn, ass d’Superdreckskëscht.
Hei gëtt sech em de Recycling vun de Behältere gekëmmert, an deenen de Gas dran ass.
Superdreckskëscht: Zuel vun de Behälteren ass massiv geklommen
An de leschte Jore wieren Zuelen an deem Beräich massiv an d’Luucht gaangen, esou de Frank Fellens, Direkter vun Öko Service Lëtzebuerg, der Bedreiwergesellschaft vu Superdreckskëscht.
“Do hu mir viru puer Joer vu vläicht e puer honnert Kilo geschwat. Dat ass awer zënter 2023 extreem an d'Luucht gaangen, wou mir bei 2 Tonne waren, 2024 bei bal 6 Tonnen, an d'lescht Joer ware mer bei 11 ,5 Tonne bal, wat vun d'Cartouchë separat agesammelt ginn ass.”
Zënter 2023 also eng 475-prozenteg Hausse wat d’Recycléiere vu Laachgas-Cartouchen ugeet.
Ob dat duerch eng méi eng héich rekreativ Notzung, e bessert Recycling vun dëse Cartouchen, oder eng Kombinatioun vun dësen zwee Facteure kann erkläert ginn, bleift awer bis op Weideres onkloer, wéi de Gesondheetsministère schrëftlech erkläert.