arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuuss mat Vullegripp wier dat éischt infizéiert Mamendéier zu Lëtzebuerg

ALVA

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Fuuss mat Vullegripp wier dat éischt infizéiert Mamendéier zu Lëtzebuerg

Bei engem Fuuss, deen ufangs Abrëll gestuerwen ass, gouf de Vullegrippevirus H5N1 detektéiert. Et wier awer keng grouss Iwwerraschung datt een esou e Fall zu Lëtzebuerg entdeckt hätt, esou d'Dr. Caroline Merten vun der Veterinärsverwaltung ALVA am 100,7-Interview.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
E Fuuss (Symbolbild) | © picture alliance/dpa | Patrick Pleul
E Fuuss (Symbolbild) (Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

Am warscheinlechste wier et, datt de Fuuss e Vull giess hätt, deen de Virus gehat hätt, erkläert d’Dr. Caroline Merten. D’Diagnose vum Fuuss wier lo am Kader vun enger präventiver Iwwerwaachung gemaach ginn.

"All doudege Fouss, dee fonnt gëtt, iwwerwaache mir a mir analyséieren en op d'Vullegrippvirus. Dat ass preventiv, fir datt mir eng besser Iwwersiicht hunn, wou de Virus zirkuléiert bei eise Wëllvirgelen a bei eise Carnivore sauvages."

Et kéint een net soen, ob d’Vullegripp och d'Ursaach fir den Doud vum Fuuss gewiescht ass, esou d’Dr Caroline Merten. De Fuuss war schonn Ugangs Abrëll gestuerwen.

Kee Grond sech Suergen ze maachen

D’Resultater vun der Analys leien allerdéngs réischt zënter puer Deeg vir. Dat hätt verschidde Grënn esou d’Dr. Caroline Merten. Zum Enge missten d’Analyse vun engem Labo an Däitschland confirméiert ginn an anerersäits hätt een déi lescht Kéier am Dezember zejoert de Virus bei Wëllvigel entdeckt.

"Dat ass scho laang hier. Dat heescht, wa mir d'Mamendéieren analyséieren an eiser Prozedur am Moment, déi mer en place hunn, gi gesammelt."

Wann de Risiko méi grouss gewiescht wier, dann hätt een de Fuuss och méi séier analyséiert, präziséiert Si.

Et géif den Ament kee Grond ginn, sech Suerge virun engem Ausbroch vun der Vullegripp ze maachen, esou d’Dr Caroline Merten.

"Et ass och kee Grond, fir ze soen, mir hu lo Problemer mat de Fiiss an d'Fiiss misste lo all ofgeschoss ginn."

D’Veterinärsverwaltung mécht de Rappel, datt Leit, déi am Kontakt mat wëlle Vullen oder Déiere sinn, gebiede si besonnesch opzepassen an d’Déieren net ouni Schutzhändschen unzepaken. Dat gëllt och fir d’Jeeër.

Op Nofro hin heescht et vun der Jeeërfederatioun, datt ee sech un d’Mesurë wëllt hale fir eng méiglech Verbreedung vum Virus ze evitéieren.

play_arrow Lauschteren