arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik un neiem Gesetzesprojet: "Aide-soignante ginn op der Säit gelooss"

Santé

|
reading time

4 min

headphones

1 min

play_arrow

Kritik un neiem Gesetzesprojet: "Aide-soignante ginn op der Säit gelooss"

D‘Lëtzebuerger Associatioun vun den Aide-Soignantë (ALAS) äussert Kritik um Gesetzprojet fir verschidde Gesondheetsberuffer ze revaloriséieren. De Gesetzprojet géif d‘Aide-Soignanten am Schiet stoe loossen, well keng Moderniséierung a Revaloriséierung vun hirem Beruff virgesi wier.

reading time

4 min

headphones

1 min

play_arrow
Infirmière (Symbolbild) | © picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales
Infirmière (Symbolbild) (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales)

Et wier ee besuergt, voire enttäuscht beim Bléck op den aktuelle Gesetzesentworf vum Gesondheetsministère. D’Attributioune vun den Aide-soignantë wieren och an dësem neien Text net kloer definéiert, esou d’ALAS.

Wéi de Liridon Haxha, Präsident vun der Associatioun erkläert, wier et an der Realitéit haut esou, datt Aide-soignantë verschidden Akten op verschiddene Plazen eegestänneg dierfte maachen an op aneren net.

“An dat ass fir eis als Associatioun net richteg an deem Punkt. Mir all Aide-soignanten hunn dat wärend dräi Joer Ausbildung geléiert. Do solle mir dat och iwwerall op deene Plazen, wou mer schaffen, dat och kënnen ausüben.”

Kritik un deem neie Beruf vum "Techniker"

Net novollzéibar fir d’ALAS ass och, datt een neie Metier ënnert der Bezeechnung vum “Techniker” soll geschaaft ginn, deen tëschent deem vum Aide-soignant an dem Infirmiersberuff soll stoen. Dëst hat och d’Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren (ANIL) an der Vergaangenheet scho kritiséiert.

Hei géif ee fäerten, datt et zu engem Konflikt kënnt, wann herno dräi Haaptberuffer zesummeschaffen, esou de Liridon Haxha. Et hätt een d’Gefill, datt d’Aide-soignantë an Zukunft nach méi op der Säit gelooss géife ginn.

Dobäi wier et wichteg, datt déi Texter esou opgebaut sinn, dass d’Theorie an d’Praxis och zesummepassen, wéi de Liridon Haxha, Präsident vun der ALAS ënnersträicht. Aktuell wier dat nämlech oft net de Fall. Net novollzéibar fir d’ALAS ass dann och, datt den neie Metier vum sougenannten “Techniker” soll geschaf ginn, deen tëschent den Aide-Soignant an dem Infirmiersberuff soll stoen. Dëst hat och d’Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren an der Vergaangenheet scho kritiséiert.

“D’Fro stellt sech: Wann den Teckniker elo op d’Plaz géif kommen, wat geschitt da mat deene +/- 4.750 Aide-soignanten? Wat maachen déi? Well mir hunn dann d’Gefill, datt mir nach méi op d’Säit gelooss gi fir d’Penurie ewechzehuelen.”

Karriärsperspektive géife feelen 

Kritesch gesäit d’Associatioun vun den Aide-soignanten och, datt et aktuell keng Passerelle gëtt, fir vum Aide-soignantsberuff an den Infirmiersberuff ze wiesselen. Et géif u Karriärsperspektive feelen, an och un enger reeller Unerkennung fir de Beruff.

Dobäi wier de Besoin u Personal an dësem Domaine immens héich.

Kritesch gesäit d’ALAS, datt et aktuell keng Passerelle gëtt, fir vum Aide-Soignantsberuff an den Infirmiersberuff ze wiesselen. De Besoin u Personal an dësem Domaine wier immens héich, ma all Joers géifen em Schnëtt ronn 145 Aide-soignantën d’Bengele bei d’Tromm geheien, well et un Unerkennung  an u Karriärsperspektive géif feelen, esou d’ALAS.

“Also eis Haaptgrënn si wierklech d'Reconnaissance vum Beruff selwer. Sief et elo am Politesche bezéiungsweis an der Ëffentlechkeet, an och de System eleng. Dee Beruff ass wierklech uspriechend, kierperlech wéi mental an do musse mer och wierklech de Soutien vun alle Säiten hunn.”

Eenzegen DAP ouni Meeschterprüfung

Deelweis wieren et kleng Saachen, esou de Liridon Haxha. Beispillsweis wier de Beruff vum Aide-soignant, deen ënner dem Régime vum Diplôme d’aptitude professionelle fält, deen eenzegen, wou ee keng Meeschterprüfung kéint maachen.

“Et ass keen Haaptproblem do, mee et sinn déi kleng Problemer, déi et eebe maachen, fir datt een dann déi 40 Joer soll aushalen, wou et onméiglech maachen.”

D’ALAS fuerdert elo, besser an de legislative Prozess agebonnen ze ginn, a rifft d’Politik dozou op, de Gesetzesprojet nach eng Kéier ze iwwerschaffen.

Gewerkschaften: “Zil wäit verfeelt”

Och d‘Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB reagéieren op dee Gesetzesprojet: Och si gesinn et als eng verpasste Chance fir eng richteg Reform ze maachen.

Dat grousst Zil, fir den Infirmiersberuff ze revaloriséieren an de Beruff méi attraktiv ze maachen, wier wäit verfeelt. Amplaz eng ambitiéis Reform ze maachen, wieren hei just e puer Detailer geännert ginn, déi näischt géifen um Terrain änneren.

Dofir fuerderen och den OGBL an den LCGB, datt dëse Gesetzesprojet nach emol iwwerschafft gëtt ier en adoptéiert gëtt.

Beispill un anere Länner huelen

Weider fuerdert d‘ALAS, datt wéi an anere Länner och zu Lëtzebuerg Brécke geschaf ginn, fir den Aide-Soignanten et méiglech ze maachen, an d‘Infirmieres-Formatioun iwwerzegoen, ouni vu vir mussen unzefänken. 

Duerch eng reell Unerkennung a besser Karriärsperspektive vun den Aide-Soignantë kéint een och der aktueller Penurie beim Gesondheetspersonal entgéintwierken, esou nach d‘ALAS an hirem Communiqué.

play_arrow Lauschteren