Eng geschat 130 Doudesfäll a bal 600 Verdachtsfäll: Dat ass d’Ausmooss bis elo vum Ebola-Ausbroch am Oste vun der demokratescher Republik Kongo.
D'Lag ass drénglech
D’Weltgesondheetsorganisatioun huet de Weekend dowéinst den internationale Gesondheetsnoutstand ausgeruff – nach ier virgëschter de Comité d’urgence vun der WHO fir Recommandatiounen zesumme komm ass. D’Lag wier esou drénglech, datt een net hätt wëlle waarden, huet et geheescht.
Den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit, erkläert d'Decisioun vun der WHO.
"Deen Noutstand ass haaptsächlech ausgeruff ginn, fir Afrika ze hëllefen, well en erlaabt gewësse Moyenen, gewëss Ressourcen ze mobiliséieren, déi ausserhalb vun enger Urgence net esou einfach kënne mobiliséiert ginn."
Direkt Implicatiounen op Lëtzebuerg hätt dat elo net, esou nach de Jean-Claude Schmit. Et hätt ee fir esou Krankheeten awer e Plang, deen een elo géif updaten.
Risiko, datt infizéiert Leit op Lëtzebuerg kommen, ass geréng
Dee Plang gesäit ënner anerem vir, datt eng Persoun, déi mam Virus infizéiert oder vläicht infizéiert gouf, misst en Charge geholl ginn. Dat wier zum Beispill de Fall, wann eng Persoun iwwer de Findel aus Afrika op Lëtzebuerg kéim.
Datt et dozou kënnt, ass awer éischter keng grouss Probabilitéit, wéi de Jean-Claude Schmit erkläert. An awer misst een oppassen.
"Mir hu keng Direktverbindungen, op jidde Fall keng kommerziell Passagéierverbindunge mat Afrika. Dat heescht, de Risiko ass scho méi kleng. Mee dat ass een Zenario, dee kéint antrieden, respektiv eng Persoun, déi an Afrika sejournéiert huet, déi sech géif elo, well se krank wier, an enger Urgence, presentéieren, do ginn et Prozeduren, wat da muss gemaach ginn, wéi esou eng Persoun isoléiert gëtt, wéi dann den Diagnostik eventuell gestallt gëtt a wat dann an den nächsten Etappe muss gemaach ginn."
Ebola an Afrika ass keng nei Situatioun
Et ass scho fir déi 17. Kéier, datt an Afrika eng Ebola-Epidemie ausgebrach ass. Ënner anerem dofir ass een - och zu Lëtzebuerg - schonn drop virbereet, wéi de Jean-Claude Schmit seet.
Besonnesch wann een op déi grouss Epidemie vun 2013-2016 kuckt, wou zéngdausende Leit an Afrika infizéiert waren.
"Mir hunn dat alles en place nach vun deemools a mir iwwerkucken natierlech all kéiers déi Prozeduren, ob do nei Elementer wären, déi missten à jour gesat ginn, well eise System hospitalier changéiert jo och ëmmer an d'Façon, wéi mir fonctionéieren hei am Gesondheetssystem, changéiert jo iwwer d'Zäit an do muss ee sécher sinn, dass alles en place ass an alles fonctionéiere kann."
Wéinst der geografescher Lag schéngt de Risiko vun enger Pandemie kleng
Experte gi beim Ebola-Ausbroch – wéi iwweregens och beim Hantavirus – net dovun aus, datt ee Pandemie-Risiko besteet. Also datt d’Krankheet sech groussflächeg och bis an Europa zum Beispill ausbreet. Dat gesäit de Jean-Claude Schmit änlech.
"Et ass eng Regioun, déi souwisou zimmlech isoléiert ass an Afrika. Deen nooste Flughafen, dee fonctionéiert schonn net méi. Fir dass do eng Persoun erauskënnt aus där Regioun, misst se scho weiderreesen. An dann d'Probabilitéit, dass déi Leit, déi awer ganz aarm sinn an déi keng Moyenen hunn, géifen ee Fliger huelen, fir an Europa ze fléien, ass relativ kleng."
Feelt zu Lëtzebuerg e Pandemie-Gesetz?
Och wann d’Experten sech eens sinn, datt kee Risiko vun enger Pandemie besteet, géife se weisen, datt d’Welt nach ëmmer schlecht op eben esou ee Risk preparéiert wier. Dat huet eng Pandemie-Expertin kritiséiert.
Zu Lëtzebuerg gëtt et och nach kee Pandemie-Gesetz. Dat wier zwar virdeelhaft, mee d'Feele vun esou engem wier och keng Katastroph, fënnt de Jean-Claude Schmit.
"Et ass schonn net, wéi wa mir déi Saache géifen elo nei entdecken, et ass net, wéi wann näischt do wier. Ee Gesetz géif eis e Kader ginn, dee vläicht méi einfach wier, mee sur le terrain sinn d'Leit effektiv preparéiert."
Et wier och wichteg ze betounen, datt et sech bei dëser Ebola-Epidemie ëm e lokale Problem handele géif, an datt et an deem hei Fall wichteg wier, datt an Afrika besser Méiglechkeete géife geschaf ginn fir richteg ze diagnostizéieren an ze behandelen, esou nach den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit.
Keng Pläng fir Ebola-Patienten zu Lëtzebuerg opzehuelen
Zu Lëtzebuerg ginn et iwweregens keng Pläng fir Ebola-Patienten opzehuelen. Een amerikaneschen Ebola-Patient ass rezent an der Charité zu Berlin opgeholl ginn. Mee Lëtzebuerg wier – anescht wéi d’Charité – kee Referenz-Zenter fir esou Krankheeten, esou nach de Jean-Claude Schmit.