D'Regierung huet dëst mat Verweis op de Koalitiounsaccord gemaach.
Bis ewell hu just Persounen, déi am ëffentlechen Déngscht schaffen, oder bei deenen et am Kollektivvertrag gereegelt ass, en Urecht op esou e Congé.
D’LSAP wollt dat och op de Privatsecteur ausdeenen. Den Auteur a Rapporter Mars di Bartolomeo hat argumentéiert, datt dat ee méigleche Moyen géint Enkpäss bei de Bluttreserve kéint sinn. D’Majoritéitsparteien CSV an DP wéilten allerdéngs éischter op aner Piste setzen, esou d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert.
"Andeem een d'Collectezäiten upasst. Do denken ech kéint d'Croix-rouge zum Beispill eng Ëmfro bei hire Spender maachen, ob déi aktuell Zäite geméiss sinn. Ech mengen et sinn zwee Deeg, wou et bis sechs Auer op ass. Mee wär et net och eng Pist fir eng Kéier moies um siwen schonn unzefänken oder vläicht samsdes moies nach op där eng oder anerer Sammelstell?"
Dat kéint alles dozou bäidroen, datt d'Leit méi Geleeënheeten hätten fir Blutt spenden ze goen, esou d'Meenung vun der CSV-Deputéierter.