Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och Flüchtlingen hunn Talenter

Fräie Mikro

Och Flüchtlingen hunn Talenter

Zu Lëtzebuerg hu ganz wéineg unerkannte Flüchtlingen eng Aarbecht, mat der Konsequenz, datt der vill an de Foyeren hänke bleiwen, well ouni Aarbecht kritt ee keng Wunneng. Firwat fanne bei eis Flüchtlingen esou schwéier Zougang zum Aarbechtsmaart? E Fräie Mikro vum Laura Zuccoli.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Am Dezember 2024 koum eng interessant Etüd eraus iwwert d’Integratioun vun de syresche Flüchtlingen um däitschen Aarbechtsmaart. D'Beschäftegungsquot vun de Syrer, déi tëscht 2013 an 2019 an Däitschland ukoumen, läit no siwe Joer bei 61 Prozent a klëmmt mat der Openthaltsdauer. Dat ass impressionnant! 73 Prozent vun de syresche Männer hunn eng Aarbecht an ëmmerhin nach 29 Prozent vun de Fraen. Déi däitsch Etüd weist och, datt syresch Flüchtlingen a gesellschaftlech relevante Secteure mat héijem Personalbedarf schaffen, wéi der Gesondheet oder dem Transport an der Logistik.

Wéi gesäit et am Verglach hei zu Lëtzebuerg aus? Mir wëssen et net, oder jiddefalls schwätze mir net driwwer. Dat ass fir eis Verwaltungen an eis Fuerschung anscheinend keen Theema.

Keng formell Qualifikatiounen oder relevant Sproochekenntnisser

Flüchtlingen hunn dacks nëmmen eng vage Virstellung a limitéiert Informatiounen iwwert d‘Exigenze vun eisem Aarbechtsmaart. Et feelt oft u formellen, beruffleche Qualifikatiounen an Diplomer. A Syrien gëtt d'Handwierk traditionell nach um Terrain geléiert an et gëtt sielen eng Zertifikatioun. Vill Flüchtlinge kënne keng vun eise Sproochen a wëssen net, wat fir eng si fir d’éischt solle léieren. Et feelt un Erfarung op eisem Aarbechtsmaart an u berufflechen a sozialen Netzwierker fir eng Aarbecht ze fannen. Am Bagage hunn déi meescht traumatesch Erliefnisser vu Krich, Verfollgung a Flucht a wa si bis hei sinn, stousse si oft op Mësstrauen an Diskriminatioun. Déi laang Waardezäite bis den offizielle Schutzstatut geneemegt ass, maachen d'Saach net méi einfach. Flüchtlinge setze vill Stonnen a Sproochecoursen, wou si d'Sprooch kaum praktizéieren. Am Flüchtlingsheim schwätze si an hirer Mammesprooch mat aner Flüchtlingen aus hirer Regioun.

Lëtzebuerg misst Europäesche Qualifikatiounspass fir Flüchtlingen notzen

Lëtzebuerg brauch Bäcker, Steemetzer, Elektriker, Plätterchersleeër, Infirmieren, Aide-soignants, Bauaarbechter, Informatiker, Vendeuren an nach ganz vill aner Profiller. Flüchtlingen hunn Talenter a ville vun dëse Beräicher, mee mat der Unerkennung vun hire Kompetenzen di mer eis schwéier. Ëm- a Weiderbildung sinn néideg awer och zäitopwänneg. Esou bal een ukënnt misst eng individuell Evaluatioun vu Sprooch, Ausbildung, Beruffserfarung a Kompetenze gemaach ginn, gekoppelt un d'Erstelle vun engem Beschäftegungsprojet, deen de Fäegkeete vum Flüchtling an de Bedürfnisser vum Aarbechtsmaart Rechnung dréit. Lëtzebuerg muss dofir endlech den Europäesche Qualifikatiounspass fir Flüchtlingen (EQPR), deen den Europarot 2017 als universellt Bewäertungsinstrument agefouert huet, konsequent notzen an asetzen.

ADEM a Beruffskummere musse méi Efforte maachen

Unerkannte Flüchtlinge si mat hirer Famill integrale Bestanddeel vun eiser Gesellschaft. Och si brauchen eng Schaff an eng Wunneng, fir hiert Liewe kënnen autonom ze féieren. Dofir si spezifesch Ënnerstëtzungsprogrammer vun der ADEM an de Beruffskummeren, begleet vun innovativen a flexibele Projeten aus der Zivilgesellschaft, esou eminent wichteg.

Eis ADEM awer huet hir Servicer fir Flüchtlingen opgeléist, ausser fir Leit aus der Ukrain.

D'Integratioun vu Flüchtlingen op eisen Aarbechtsmaart geet nu mol net vum selwen.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.