Radioen

On air

Notturno  |  Dirty Projectors - Overlord

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lex Delles: Kollektivverträg musse weider vun de Gewerkschafte verhandelt ginn

Aarbecht

Lex Delles: Kollektivverträg musse weider vun de Gewerkschafte verhandelt ginn

Bei der Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten ass méi fir d’Patronat wéi fir d’Salariat gemaach ginn. Do ware bal all d'Oppositiounsparteie sech no der gemeinsamer Sëtzung eens. De Wirtschaftsminsiter Lex Delles dogéint ënnersträicht no der Sëtzung, et wier e Kompromëss tëscht de Salariéeën an de Patronen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

Ëmmerhin dierft déi ugeduechte Liberaliséierung just a Form vu Kollektivverträg an de Betriber ëmgesat ginn. An dat exklusiivt Recht, fir Kollektivverträg auszehandelen, missten d’Gewerkschafte bäibehalen, esou de Minister.

Seng Positioun wier konform mat der Linn vun der Regierungskoalitioun, sou de Lex Delles. De Wirtschaftsminister ass awer den éischten, dee betount, datt d’exklusiivt Recht, fir Kollektivverträg auszehandelen, bei de Gewerkschafte soll bleiwen.

"Als DP ass eis Meenung ganz kloer, datt d'Gewerkschafte mussen d'exklusiivt Recht hunn, fir Kollektivverträg auszehandelen."

Op Basis vun deene Kollektivverträg kéint een dann un enger Liberaliséierung vun den Ëffnungszäite schaffen, sou wéi hien dat a sengem Gesetzesprojet virgesäit, sou den DP-Minister. 

LSAP: CSV-Aussoen "komplett Verkennung vun der Realitéit"

Fir d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert dréit de Gesetzestext der Realitéit Rechnung – e Patron kéint mat dem Text seng Ëffnungszäiten un d’Besoine vum Betrib upassen, esou d’Stéphanie Weydert.

"Et ass net all Patron forcéiert, op ze maachen. An ech mengen et huet een och als Salarié de Choix ze soen ‚ok wann dat do d’Konditioune vun der Stee sinn, da well ech net bei dee Patron schaffe goen‘."

Fir den LSAP-Deputéierte Georges Engel läit d’Aschätzung vun der CSV laanscht der Realitéit. D'Aussoe vun den CSV-Vertrieder wieren eng komplett "Verkennung vun der Realitéit".

Hie kritiséiert iwwerdeems, datt déi Liberaliséierung virun allem de grousse Betriber an d’Kaarte spillt.

Déi gréng, Piraten an déi Lénk fäerte weider Entkommerzialiséierung vun Duerfkären

Deem stëmmen och d’Joelle Welfring vun déi Gréng an de Sven Clement vun de Piraten zou. Grad mëttelgrouss a kleng Betriber géife mat dësem Gesetzesprojet verdriwwe ginn, sou och de Marc Baum vun déi Lénk.

"Kleng Betriber hunn do vill méi grouss Schwieregkeete fir dat kënnen ze maachen, eleng wat de Personalopwand ugeet. An do riskéiere mer eng weider Konzentratioun ze kréien, an dat bedeit natierlech och, datt mer riskéieren, datt eis Stadkären an eis Duerfkären nach weider entkommerzialiséiert ginn am Géigesaz zu dem wat de Minister seet."

Déi selwecht Bedenken äussert och den Tom Weidig vun der adr, mee eng kloer Positioun zu der Liberaliséierung vun den Aarbechtszäiten hätt seng Partei awer nach net ausgeschafft.

Lauschterenplay_arrow