D’LSAP huet dës Motioun agereecht zesumme mat den Oppositiounsparteien déi Lénk, déi Gréng a Piraten. Dat nodeems d’Positioun vun der Regierung zum exklusiv Recht net kloer war. D’lescht Joer nämlech hat den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo dat exklusiivt Recht a Fro gestallt. An am Oktober zejoert haten d’Regierungsparteien CSV an DP géint dës Motioun vun de grénge mam selwechten Text gestëmmt.
D’Oppositiounsparteien hu sech haut zwar zefridde gewisen, datt d’Motioun ugeholl ginn ass, mee si hunn awer ënnerstrach, datt ee vill Diskussiounen hätt kéinte verhënneren, wann d’Regierung sech vun Ufank un zum exklusiv Recht bekannt hätt, sou ënnert anerem den LSAP-Deputéierte Georges Engel, deen d’Motioun era gereecht huet.
"A mat e bësse méi Fangerspëtzegefill a mat e bësse méi Gefill fir de Sozialdialog, wier hei vill Porzeläin net gebrach ginn, wier hei d'Vertraue vun deem Lëtzebuerger Sozialmodell, dee mer hunn, net op d'Spill gesat ginn."
Déi Gréng: Frou datt onnéideg Diskussioun elo eriwwer ass
Am Oktober zejoert haten d’Regierungsparteien CSV an DP géint dës Motioun vun de Grénge mam selwechten Text gestëmmt. Dat, nodeems den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo dat exklusiivt Recht an engem Treffe vum Comité permanent du travail mat de Gewerkschaften an dem Patronat, a Fro gestallt hat. Déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard, déi déi éischt Motioun agereecht hat, weist sech haut zefridden.
"Ob dat elo Pirouetten, Rudderen, Geschichtsverfälschung oder einfach nëmmen e Mëssverständnis war, ech mengen et kann ee lo laang iwwer Wierder diskutéieren, Fakt ass, datt d'Diskussioun, déi mer am Oktober hei gefouert hunn, jo duerchaus an eng komplett aner Richtung gaang ass."
Georges Mischo widderhëlt, hien hätt d'Recht vun de Gewerkschaften ni a Fro gestallt
Et hätt ee ganz vill onnéideg Opreegung vermeide kënnen, wann een d‘Kärverständnis vun de Gewerkschaften net a Fro gestallt hätt. Lëtzebuerg wier op ee staarke Sozialdialog ugewisen an déi ganz Debatt aus de leschten Deeg wier "net fërderlech" gewieschtm, sou d‘Djuna Bernard.
Och den Aarbechtsminister Georges Mischo huet sech zu Wuert gemellt an nach emol betount, hien hätt d’Recht vun de Gewerkschaften ni a Fro gestallt. Datt et den Oppositiounsparteien ëm d’Wuert exklusiv gaangen ass, dorop ass den CSV-Minister net agaangen.