Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Caroline Polachek - Bunny Is A Rider

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADEM: Leit mat Unisdiplom si manner laang am Chômage

Aarbecht

ADEM: Leit mat Unisdiplom si manner laang am Chômage

Knapp en Drëttel vun de Leit, déi aktuell bei der ADEM ageschriwwe sinn, hunn en Unisdiplom. An absolutten Zuele sinn dat 5.600 Persounen. Dat si 14 Prozent méi wéi nach virun engem Joer. D‘ADEM-Directrice Isabelle Schlessel relativiséiert dës Zuelen.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Isabelle Schlesser | © Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Viru puer Méint hätt d‘ADEM eng Etüd gemaach, iwwer déi dote Populatioun. Deemno géife sech déi Zuelen doduerch erklären, datt vill Leit, notamment Ukrainer:innen, Unisdiplomer aus net EU-Länner hunn. Dat wiere Bremsen, fir agestallt ze ginn, déi misste behuewe ginn.

Lëtzebuerg wier iwwerdeems ee vun de Länner an Europa, mam héchste Pourcentage vun héichqualifizéierte Leit, erkläert d‘Isabelle Schlesser. Dat deemno och méi där Leit an de Chômage kommen, wier ee Fait.

Ageschriwwe Profiller an déi, déi gesicht gi passen net iwwerteneen

Leit mat engem Unisdiplom wieren an der Reegel awer manner laang am Chômage, wéi Persounen déi keen Unisofschloss hunn, präziséiert d’Isabelle Schlesser. Iwwerdeems wier den Desequiliber tëscht deene Profiller déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an deenen déi gesicht ginn, ëmmer nach immens grouss. 2024 hätt d’ADEM fir e Véierel vun den Offere keng eenzeg Persoun kënne schécken.

Neie Phenomen wier heibäi, datt och an eenzele Secteuren, beispillsweis an der Informatik, d’Profiller net iwwertenee passen. D’ADEM géif hei probéieren, fir Leit déi eng Basis-Kompetenz hunn an de gesichte Beräicher weider ze forméieren, oder anerefalls Leit an d’Ausland sichen ze goen.