Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nora Back: 65 Prozent vum Salariat vun Delegatioune mat Gewerkschaft couvréiert 

Gewerkschaften

Nora Back: 65 Prozent vum Salariat vun Delegatioune mat Gewerkschaft couvréiert 

Et gëtt en haart a kämpferescht Joer fir d'Gewerkschaften, seet d‘OGBL Presidentin Nora Back am 100,7-Interview. Et hätt ee mat enger Regierung ze dinn, déi "d‘Sprooch vum Patronat schwätzt". De Sozialdialog géif net méi klappen, an d‘Patronat géif kee Respekt méi vis à vis de Gewerkschafte weisen. 

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Déi deelweis hefteg Attacke vum Patronat wieren onnéideg betount d'Nora Back. An deem Kontext schwätzt si och eng Zuel un, déi no de Sozialwalen dacks vu Patronatsverbänn zitéiert gëtt. An zwar, datt 56 Prozent vun de Personaldelegatioune bei de Betriber neutral sinn, also ouni Affiliatioun mat enger Gewerkschaft.

"Haut méi dra wéi jee"

D‘Nora Back gesäit dat anescht. Si seet, datt ronn 65 Prozent vum Salariat zu Lëtzebuerg vun enger Personaldelegatioun couvréiert sinn, an där eng Gewerkschaft dran ass.

Dat maachen also zwee Drëttel vum Salariat aus. D‘Situatioun wier deemno guer net sou dramatesch, wéi se duergestallt gëtt, ënnersträicht d‘Nora Back. Am Géigendeel, wieren d‘Gewerkschaften "haut méi dra wéi jee". 

Si wieren deemno alles anescht wéi eng Randerscheinung, sou wéi d’Handwierkerfederatioun et rezent formuléiert hat.

Historesch Zesummenaarbecht tëschent OGBL an LCGB

OGBL an LCGB hunn sech och zesummegedoen, fir gemeinsam géint déi Tendenz ze mobiliséieren. Et wier historesch déi éischte Kéier, datt déi zwou Gewerkschaften zesummeschaffen. Et wier dat eenzegt responsabelt, wat een an dëser Situatioun maache kéint, betount d‘Nora Back.

Aktuell wieren déi zwou Gewerkschaften amgaangen Aktioune virzebereeden, déi iwwert déi nächst Méint wäerte stattfannen. Dobäi wéilt een och op den Iwwerraschungseffekt setzen, sou nach d’OGBL-Presidentin Nora Back. Si geet iwwerdeems staark dovun aus, datt d‘Leit rose sinn a mat op d‘Strooss géife goen.

Dee leschte Kontakt mam Aarbechtsminister Georges Mischo wier iwwerdeems uganks November gewiescht, esou d‘Presidentin vum OGBL.

Lauschterenplay_arrow