arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meta bezillt 16,7 Milliarden Dollar un US-Staate fir de Prozess fale ze loossen

Geriicht

|
reading time

1 min

Meta bezillt 16,7 Milliarden Dollar un US-Staate fir de Prozess fale ze loossen

Am Prozess ëm d‘Social-Media-Sucht vu Kanner huet de Facebook-Mammekonzern Meta een accord à l‘amiable mat enger Dosen US-amerikanesche Staaten acceptéiert. Meta bezillt hinnen 16,7 Milliarden US-Dollar wa si de Prozess fale loossen.

reading time

1 min

© Bigstock / sergei_elagin
(Foto: Bigstock / sergei_elagin)

D‘Mammenhaus vu Facebook an Instagram huet och agewëllegt fir de Calibrage vu senge Produiten fir Kanner ze änneren. Deen accord à l‘amiable muss nach vum Geriicht zu Oakland validéiert ginn.