arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elo offiziell confirméiert: De CIA-Direkter John Ratcliffe war op Besuch zu Moskau

USA-Russland

|
reading time

1 min

Elo offiziell confirméiert: De CIA-Direkter John Ratcliffe war op Besuch zu Moskau

De Kreml huet confirméiert, datt den Direkter vum US-amerikanesche Geheimdéngscht, den John Ratcliffe, zu Moskau war. De Kreml-Spriecher Dmitri Peskow sot der Zeitung Washington Post, de CIA-Direkter wier komm wéinst "Kontakter tëschent de Geheimdéngschter".

reading time

1 min

© EPA/YURI GRIPAS / POOL
(Foto: EPA/YURI GRIPAS / POOL)

Weider Detailler gouf de Kreml-Spriecher awer net. US-amerikanesch Medien hate gëschter scho gemellt, datt de CIA-Direkter op Moskau gereest wier.

D'Zeitunge waren dorop opmierksam ginn, well een op Flightradar24 een US-amerikanesche Militärfliger gesinn huet a Richtung Russland fléien.