arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa als Profiteur vun der kanadescher Reaktioun op den Handelssträit mat den USA?

USA-Kanada

|
reading time

3 min

Europa als Profiteur vun der kanadescher Reaktioun op den Handelssträit mat den USA?

Zënter leschtem Weekend ass den Handelssträit tëschent den USA a Kanada eskaléiert. Well d'Vertrieder vu béide Länner sech a Gespréicher net eens gi sinn, menacéiere si sech elo géigesäiteg mat héijen Importtaxen.

reading time

3 min

D’USA hat direkt nodeems d'Gespréicher ofgebrach gi ware 50 Prozent Taxen op ënner anerem Äishockeyschléier a Wäin aus Kanada verhaangen. A Kanada huet an de leschten Deeg reagéiert an hirersäits héich Taxen annoncéiert.

Kanada orientéiert sech anerwäerts

De Patrick Augustin huet knapp 15 Joer als Professer am Finanzberäich op der McGill Universitéit zu Montréal geschafft a ass lo Direkter vu McGill Centre for Finance zu Lëtzebuerg.

Hien erkläert, datt Kanada schonn ugefaangen huet, sech anerwäerts ze orientéieren. 

"Well si wierklech ze vill ofhängeg waren, ëmmer vum Handel mat Amerika. Ech mengen, dat war mat enger grousser Marge de gréissten Handelspartner. Si hunn au fur et à mesure elo schonn ëmmer méi Ofkommes mat anere Länner ofgeschloss, ënner anerem och mat Europa, wou een och gesinn huet, datt an de leschte Joren den Handel extreem ugezunn huet."

Och mat deenen eenzelne Länner wiere schonn Accorden ënnerschriwwe ginn. 

"An ech mengen, datt d'Diversifikatioun vun der kanadescher Ekonomie vun Amerika, déi wäert natierlech elo ëmmer weidergoen. Dat ass ganz sécher. An och Infrastrukturen, déi et erlaben, méi onofhängeg ze ginn."

Lëtzebuerger Bankesecteur kéint profitéieren

Europa ass fir Kanada ee méiglechen Handelspartner, mat deem sech d’Handelsbezéiunge kéinte stäerken. 

Ënner anerem an de Beräicher vun der Energie an der Automobilsindustrie kéinten europäesch Länner an Entreprisë profitéieren.

Wéi ass et mam Bankesecteur? Deen ass vun den Douanestaxen net betraff. Zu Lëtzebuerg ass et e wichtege Secteur. Kann dee vun der Diversifikatioun profitéieren? 

"Indirekt, jo. Mir hu jo gesinn, datt am Februar eng Direktiv ënnerschriwwe ginn ass, am Februar oder Mäerz tëschent Lëtzebuerg a Kanada, fir am Beräich Finanzen an Finanzsecteur méi generell, méi enk Kooperatiounen ze féieren an der Zukunft."

Och dat wier drop zeréckzeféieren, datt Kanada ze laang ze ofhängeg gewiescht wier. 

"An datt am Kader vun där Diversifikatioun aner Partnere gesicht sinn. An ech mengen, dat sinn do Beispiller, wou mir eis kéinte vläicht erwaarden, datt méi kanadesch Banke vläicht op Lëtzebuerg kommen oder och aner grouss Finanzacteuren."

Och de Weltraum kéint e gemeinsame Beräich ginn

Dem Patrick Augustin no kéint Lëtzebuerg ënner anerem am Beräich vun der Defense eng méi eng enk Bezéiung mat Kanada kréien. 

"Do hu mir elo schonn erëm eng Kéier gesinn, wou den Editorial, deen de Marc Carney mat dem Luc Frieden geschriwwen hat, fir eng gréisser Kooperatioun ze maachen an der Defense. Ech mengen, dat ass evident."

Aner Beräicher wieren héichkompatibelen Technike wéi Satellitten oder Antenne fir Exploratiounen am Weltall, wou ee méi enk zesumme kéint schaffen, esou den Direkter vu McGill Centre for Finance zu Lëtzebuerg.