Dat geet aus de Geriichts-Ënnerlagen ervir, nodeems Meta gëschter am Prozess ëm d‘Social-Media-Sucht vu Kanner en Accord à l‘amiable mat enger Dosen US-amerikanesche Bundesstaaten akzeptéiert huet.
Als Deel vun deem Accord huet Meta sech bereet erkläert, Limitatioune fir Jonker beim Benotze vu Facebook an Instagramm anzeféieren, a 16,7 Milliarden US Dollar ze bezuelen. D‘Limitatioune gëlle vir elo mol nëmmen an den USA.