Beim Prozess am US-Staat New Mexico hat de Parquet Meta ënner anerem virgehäit, datt seng Plattforme Facebook, WhatsApp an Instagram geziilt esou entwéckelt goufen, datt ee süchteg dovu gëtt, an datt jonk Leit net genuch dogéint geschützt ginn.
D‘Urteel obligéiert Meta, seng Plattformen am Staat New Mexico elo ze änneren, zum Beispill duerch nei Konditioune fir se dierfen ze benotzen.
Meta huet awer schonn ugekënnegt, an Appell géint d‘Urteel ze goen.