arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mann higeriicht wéinst presuméiertem Spionage fir Israel

Iran

|
headphones

1 min

Mann higeriicht wéinst presuméiertem Spionage fir Israel

Am Iran gouf ee Mann exekutéiert, dee wéinst Spionage am Déngscht vun Israel verurteelt gouf. Dat huet um Samschdegmoien déi iranesch Justiz confirméiert.

headphones

1 min

Nationalfändel vum Iran an Israel | © picture alliance
Nationalfändel vum Iran an Israel (Foto: picture alliance)

Et handelt sech ëm déi rezentst Exekutioun an enger Rei vu Fäll zanter dem Krich tëscht dem Iran an Israel am Juni.

D‘Doudesstrof wier duerch den ieweschte Geriichtshaff an nom Ofschloss vun alle juristesche Prozedure vollzu ginn, heescht et weider vun den iraneschen Autoritéiten. De Mann iwwer schëlleg gesprach gi wéinst Spionage, an och wéinst Zesummenaarbecht mat Israel an dem Fotograféiere vu militäresche Sitten. De Mann gouf weider vum Iran verdächtegt, en Agent vum israeelesche geheimdéngschtlech gewiescht ze sinn.

Offiziellen Donnéeën no gouf hien am Mee dëst Joer festgeholl.