Vill Neits konnt de Minister den Deputéierten allerdéngs net verzielen.
Et géif een zwee Aspekter am Ae behalen. Eemol de Retour vun de ronn 300 Lëtzebuerger, déi an de Golfstaate blockéiert sinn, an op där anerer Säit ee Konflikt, dee riskéiert sech auszebreeden, sou den Ausseminister Xavier Bettel.
"Do ass de Risk awer vun engem Flächebrand, deen net auszeschléissen ass. Mir haten dès le Depart gesot, de Changement vum Regime ass vläicht eppes, wou ee sech kann driwwer freeën, mee d'kollateral Konsequenzen dovunner sinn, sinn ongewëss."
Wéineg kritesch Stëmme bannent der EU
Suerge mécht den Deputéierte vun der aussepolitescher Chamberkommissioun virun allem d'Aart a Weis, wéi de Regimm attackéiert gouf. Och wann een deem Regimm keng Tréin géing nokräischen, sot Sam Tanson vun déi gréng.
"An datt och ausser eigentlech d'Lëtzebuerger Regierung an och déi spuenesch an Europa déi kritesch Stëmme par rapport zu där Aktioun dach ganz, ganz roueg sinn."
Eng Suerg déi och den LSAP -Deputéierte Yves Cruchten deelt.
"Anersäits gëtt hei rëm alt erëm d'internationaalt Recht mat Féiss getrëppelt an alt erëm fale Bommen op Zivilisten an et si ganz vill zivil Affer an deem Konflikt. Et ass wierklech ze hoffen, datt dee Konflikt net laang dauert."
EU spillt guer keng Roll am Noen Osten
Nationaalt Recht wier an der Geschicht ëmmer nees gebrach ginn, sou den ADR-Deputéierte Fred Keup. Wichteg wier elo just, datt de brutale Regimm am Iran géing verschwannen.
"Ech sinn elo gespaant, ob déi, déi déi Affär Maduro verurteelt hunn, ob se och elo hei wäerten, déi hei Affär, d'Amerikaner wäerte verurteelen. Fir eis ass et op jidde Fall esou, dass mir weeder beim Maduro nach elo hei am Iran d'Amerikaner dofir verurteelen."
Den CSV -Deputéierte Laurent Zeimet mécht de Constat, datt d'EU am Noen Oste praktesch keng Roll géing spillen. Dat géif sech och doru weisen, datt d'EU net consultéiert gouf.
"Meng gréisste Suerg ass am Moment, mir ginn iwwerhaapt net gewuer wat am Iran lass ass, wat do geschitt, ob d'Leit sech nach weider kënne géint de Regimm wieren."
Muer de Mëtteg wäert de Premier Luc Frieden dann an der Chamber eng Regierungsdeklaratioun zum Iran presentéieren.