Et wier e Grenzfall, esou de Gusty Graas vun der DP a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun. Dat Ganzt hätt sollen um Niveau vun der UNO diskutéiert ginn, mengt hien. Mee et hätt een an de leschte Méint gesinn, datt d’USA ënner dem Trump net méi bereet wieren, dat internationaalt Recht ze respektéieren.
“Dat ass eng geféierlech Entwécklung. Wat stellt dat internationaalt Vëlkerrecht nach duer?”
Ënner dem Stréch mengt de Gusty Graas, datt den Ugrëff op den Iran berechtegt ass, mee et Deel vun enger "ganz geféierlecher" Entwécklung ass.
Parallelle mam Irak 2003?
déi Lénk si bekanntlech méi kritesch vis à vis vun den USA an Israel. Esou betount den David Wagner am 100,7-Interview dann och, datt Erënnerungen un 2003 mam Irak opkommen. Deemools hunn d’USA als Legitimatioun fir en Ugrëff uginn, datt den Irak Massevernichtungswaffen hätt. Dat huet sech duerno als falsch erausgestallt.
Datt de Mullah-Regimm "detestable" wier, stéing ausser Fro, seet den David Wagner. Hie stéiert sech um Argument mam Atomwaffeprogramm.
Bei den Attacken am leschte Joer ass zudeem behaapt ginn, datt grouss Deeler vum Programm beschiedegt gi sinn. Et dierft een och net vergiessen, datt Israel eng Atommuecht ass.
D'Recht, sech dem internationale Recht no ze verteidegen
Datt den Iran elo zeréckschléit dierft kee wonneren. Eng Vertriederin vun der France insoumise, der Schwësterpartei vun déi Lénk a Frankräich, sot, datt den Iran d’Recht hätt, sech ze verteidegen, an Israel hätt d’Recht, "de Bak ze halen".
Wichteg wier ze betounen, datt een d’Recht hätt, sech dem internationale Recht no ze verteidegen, betount den David Wagner. Deemno dierfte keng Ziviliste viséiert ginn. Et wier awer en "asymmetresche" Krich, bei deem den iranesche Regimm souwisou "hallef um Buedem" léich.
“Et dierf ee sech net doriwwer wonneren, wann den Iran elo äntwert.”
Entsteet elo eng Solidaritéit mam Mullah-Regimm?
Iwwerdeems wier et net realistesch, datt de Regimm - wéi den Donald Trump et gären hätt - bannent 4 Wochen ersat gëtt, mengt den David Wagner. Deem schléisst sech och de Gusty Graas un. Hien hofft virsiichteg, mee warnt, datt scho bei de leschte gréisseren Attacken op den Iran op emol eng Zort Solidaritéit fir de Mullah-Regimm entstanen ass.
Den Iran wier awer militäresch ze schwaach fir den Attacken eppes entgéintzesetzen, an och déi aner Golfstaaten ze provozéiere wier "e Feeler", seet den DP-Politiker.
Graas a Wagner si sech eens: De Fils vum Schah ass keng Alternativ
Den Donald Trump sot och, datt déi iranesch Bevëlkerung hiert eegent Schicksal elo an d’Hand huele soll. Den US-President misst awer verstoen, datt d’Iraner "keng Kanner" sinn, betount den David Wagner.
“Et ass eng gebilten a patriotesch Gesellschaft. Et wier e Feeler ze mengen, datt déi Leit, déi anti-Regimm sinn, automatesch pro-USA a pro-Israel sinn.”
Et géingen och fortschrëttlech Beweegungen am Land ginn, mierkt den David Wagner un. Dem Retour vum Fils vum Schah, dem Reza Pahlavi, steet hien awer kritesch géintiwwer. Hie géing sech als Vertrieder vu westlechen Interête gesinn, mengt den David Wagner.
De lénke Politiker erënnert och drun, datt historesch gesinn de Schah och eng Matschold drun dréit, datt de Mullah-Regimm entstanen ass. Deemools sinn d’Leit géint de Schah op d’Strooss gaangen. "Leider hunn déi falsch d’Muecht dunn iwwerholl", seet den David Wagner.
De Gusty Graas deelt dës Skepsis vis à vis vum Rezah Pahlavi. Och säi Papp hätt keen demokratesche Regimm geféiert. Acteure vu bausse missten elo hëllefen, en neie Regimm en place ze setzen, mengt de Gusty Graas, a schwätzt och vun der EU.
“Just iwwer dee Wee ass et méiglech, e Regimmwiessel unzestriewen. Mee e muss vum Vollek selwer gewënscht ginn.”
Roll vun der Lëtzebuerger Finanzplaz
Zum Schluss wërft den David Wagner d’Fro nach op, ob Lëtzebuerg mat senger Finanzplaz net och eng vun de grousse Stäipe vum Mullah-Regimm ënnerstëtzt, an zwar den Ali Ansari.
“Et muss ee sech d’Fro stellen, inwifern eis Finanzplaz de Schurke vun dëser Welt net hëlleft, hir Suen hin an hier ze schieben.”
De Gusty Graas gesäit dat manner streng, mécht op déi héich Qualitéitsstandarde vun der Lëtzebuerger Finanzplaz opmierksam, a mengt, datt hien esou Kommentare vum David Wagner zur Finanzplaz gewinnt ass.