Datt d'USA an Israel um Samschdeg tatsächlech den Iran ugegraff hunn, koum fir de Fari Khabirpour net iwwerraschend. Geschwë kéinten d'Leit ufänke fräi ze sinn, well dee Regimm net méi un der Muecht ass, esou de Fari Khabirpour.
D'Leit sinn op sech selwer ugewisen
Mënschen op der Plaz, mat deenen hien a Kontakt ass, wieren der aktueller Situatioun schutzlos ausgeliwwert. Et wieren och keng Bunkeren oder soss Schutzméiglechkeeten do.
"De Regimm huet jo guer net un déi Leit geduecht. Näischt ass preparéiert ginn, esoudatt d'Leit op sech selwer ugewise sinn. Si hëllefe sech géigesäiteg."
Déi Mënschen, mat deenen hien a Kontakt wier, géifen no Méiglechkeet siche fir sech ze schützen.
"Zesumme fanne si Plazen, wou se sech dann iergendwéi an deem Buedem verstoppe kënnen, wann esou Attacke sinn."
Den Dout vun engem Mann kann net all Problemer behiewen
Natierlech géife verschidde Leit probéieren, ze flüchten. Mee net jidderee kéint raus aus Teheran, esou de Fari Khabirpour.
"Déi meescht Leit mussen do bleiwen. Dat ass net esou, datt jiddereen do kann einfach fort."
Den Dout vum Ajatollah Ali Chamenei heescht awer nach laang net, datt de Regimm elo géif falen, betount de Fari Khabirpour.
"Ech mengen net, datt den Dout vun engem Mann, egal wéi mächteg dee war, all déi Problemer aus der Welt schaaft."
Hoffnung läit op de Propose vum Schah
De Regimm hätt jo dofir gesuergt, datt en och direkt ka weider geféiert ginn. Et wiere scho Leit dofir virgesinn, seet de Fari Khabirpour.
"Dat ass een immens staarken, zolitte System, deen iwwer Joren opgebaut ginn ass."
Genee wéi vill Iraner setzt och den Fari Khabirpour Hoffnung op de Schah. Ouni Unhänger vun him ze sinn, géif de Schah op d'mannst soen, datt hien d'Leit wéilt zesumme bréngen an eng Eenheet schafen. Duerno misst d'Vollek decidéieren.
"Eppes aneres, wat hie sot a wat mir gutt gefällt ass, datt et net dierft sinn, datt Relioun deel vu Politik gëtt. Relioun a Politik trennen, ass amfong dat, wat hie proposéiert."
Elo bréicht dat iranescht Vollek awer Ënnerstëtzung vu baussen, esou de Fari Kahirpour.
Lauschtert dee ganzen Interview mam Psycholog hei.